Stadbriedemes

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Stadbriedemes

Stadbriedemes ass eng lëtzebuergesch Uertschaft, an Haaptuert vun der Gemeng Stadbriedemes.

Stadbriedemes
Gemengenhaus vu Stadbriedemes
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Stadtbredimus
de: Stadtbredimus
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Gemeng Stadbriedemes
Buergermeeschter Robert Beissel
Awunner 886
  18.06.2013
Héicht 147 m
Koordinaten 49° 33’ 49’’ N
      6° 21’ 52’’ O

Den Numm kënnt vum Keltesche "Bre - den - Es", dat sou vill wéi "iwwer dem Waasser héije Buedem" heescht a "Stad" wat de dee selwechte Sënn wéi "Ufer" (vun der Musel, an dësem Fall) huet.

Geographie änneren

Stadbriedemes läit op der Musel, vis-à-vis vum däitsche Palzem.

Geschicht änneren

Wéi d'Musel kanaliséiert gouf, hunn Aarbechter, do wou haut d'Staustuf steet, Iwwerreschter vun enger réimescher Bréck fonnt. Analysen hunn erginn, datt déi Bréck méi al wéi Tréier ass.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument Réimerbréck zu Stadbriedemes.

Sou goungen d'Réimer bei Stadbriedmes iwwer eng Furt, aus Gestengs, op déi aner Säit vun der Musel, wann de Floss niddreg war. Bei héijem Waasser hu si Pontone benotzt. Fir déi viru Feinden ze beschützen hate si, op der Plaz vum spéidere Schlass, e befestegten Tuerm opgeriicht.
1857 gouf, op der "Rauknupp", e réimesche Kierfecht, mat Kréi, Mënzen, Schosselen a soss Geschier fonnt.

Am 8. Joerhonnert huet de Pippin de Jonken den Haff Réimech, zu deem och Stadbriedemes gehéiert huet, der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier geschenkt. Méi spéit goung den Haff un d'Abtei vu Prüm.

1602 gëtt fir d'éischt an Dokumenter den Numm "Stadtbredimus" ernimmt, virdru war et ëmmer "Bredeniss" oder "Bredimus". De Johann von Wiltz war den Här vu Stadbriedemes. No sengem Doud gouf säi Grondbesëtz an zwee gläich Deeler opgedeelt. Ee vun hinnen huet de Freiherr von Braubach kaaft, vun deem aneren Deel gëtt et weider keng Informatioun.

1670 koum Stadbriedemes an de Besëtz vun der Famill Meternich-Burscheid.

Kuckeswäertes änneren

Illustratiounen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Stadbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien