Biergerinitiativ Museldall

D'Biergerinitiativ Museldall Asbl, BIM ofgekierzt, war eng Biergerinitiativ zu Lëtzebuerg, déi ufanks 1974 gegrënnt gouf, wéi bekannt gouf, datt zu Remerschen eng Atomzentral sollt gebaut ginn.

Presidentin war d'Élisabeth Kox-Risch. Hire Statuten no, déi de 7. Mee 1974 publizéiert goufen, war der BIM hiert Haaptuleies, Natur- an Ëmweltschutz mat alle Mëttelen ze fërderen a virun allem op déi iwwergrousss Gefore fir de Mënsch an d'Natur hinzeweisen, déi duerch de Bau vun enger Atomzentral am Museldall entstéingen, an op eng Ännerung vun dësen onhaltbaren Zoustänn hinzeschaffen.[1]

D'BIM huet Konferenzen a Versammlungen organiséiert a Bréiwer an Artikele geschriwwen. Si huet och, am Summer 1975, bannent knapps 2 Wochen, iwwer 1.600 Leit mobiliséiert, fir Asproch anzeleeën, nodeem d'Senu bei der deemoleger Gemeng Remerschen offiziell ugefrot hat, eng Geneemegung ze kréien, fir d'Atomzentral op hirem Territoire ze bauen.

Wéi d'Franséisch Regierung 1976 confirméiert huet, si hätt wëlles, zu Kettenuewen eng Atomzentral ze bauen, ass och do dergéint Widderstand entstanen, an et koum zur Grënnung vum Comité national d'action pour un moratoire, kuerz CNAM. D'BIM war eng vun de Memberorganisatiounen, an hir Aktivitéite si vun do un haaptsächlech iwwer den CNAM gelaf.

Literatur änneren

  • Monique Mathieu: "Die Schatten der Kühltürme", in: Lëtzebuergeer Almanach vum Joerhonnert, 1900-1999. Luxembourg: Éditions Guy Binsfeld 1999, S. 498-507.

Referenzen änneren

  1. Zitéiert no: Mathieu, op. cit., S. 503.