Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Karthago war an der Antiquitéit eng grouss Stad an Nordafrika an Zentrum vun enger Thalassokratie a mächteg Handelsmuecht. Haut steet do d'Stad Tunis.

814 v. Chr. hu Phenizier d'Stad Qart Hadascht (= nei Stad) als Handelskolonie gegrënnt. No an no ass d'Kolonie zu engem wichtegen Zentrum gewuess, dee fest Bezéiunge mat Sizilien (inklusiv Malta), Sardinien a Südspuenien ënnerhalen huet. Mat der Zäit gouf d'Landmuecht Roum och ëmmer méi mächteg a wollt dat westlecht Mëttelmier beherrschen, eppes, wat d'Karthager sech awer net wollte bidde loossen. Sou koum et geschwënn zu engem laange Konflikt, deen um Enn vun de Réimer gewonne gouf.

Iwwer Karthago erzielt och d'Geschicht vum Trojaner Aeneas, deen nom Fall vu senger Heemechtsstad jorelaang ënnerwee war, fir eng nei Heemecht ze fannen. Wie en zu Karthago Rascht gemaach huet, souz do d'Kinnigin Elissa (op Däitsch: "Dido", op Franséisch "Didon") um Troun. Déi huet sech d'Liewe geholl, well se total an den Äneas verléift war, deen allerdéngs weidergezunn ass bis e schliisslech an Italien eng nei Heemecht fonnt huet. Den Aeneas gëllt als Grënner vun Alba Longa an als Virfare vun den Zwillingsbridder Romulus a Remus.

D'Awunner vu Karthago, déi Karthager oder Punier (< lat. "Poeni", fir d'Phenizier) genannt ginn, waren déi, déi an den dräi Punesche Kricher vun de Réimer bekämpft goufen, wéi Roum sech zu enger imperialistescher Muecht entwéckelt hat a keng Konkurrenz am Mëttelmier wollt dulden. Karthago gouf zum Schluss vum drëtte Punesche Krich am Joer 146 viru Christus zerstéiert. Domat war eng Kultur vu villen honnert Joer komplett vernicht. Dobäi koume ganz vill Leit ëm d'Liewen, an déi, déi iwwerlieft hate, goufe versklaavt.

Literatur änneren

  • Hannibal ad portas - Macht und Reichtum Karthagos; erausgi vum Badesche Landesmuseum Karlsruhe; Stuttgart (Konrad Theiss Verlag), 2004; 400 S. (ill.); ISBN 3-937345-00-0
  • Werner Huss, Geschichte der Karthager; München (C. H: Beck Verlag), 1985; ISBN 3-534-04236-0
  • Werner Huss, Karthago; München (C. H. Beck Verlag, Reihe C. H. Beck Wissen), 2008 (= 4. Oplo) ; ISBN 978-3-406-39825-4
  Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.

Um Spaweck änneren

Commons: Carthage – Biller, Videoen oder Audiodateien