CinEast oder CinÉast ("Ciné East" ausgeschwat), mam laangen Numm Festival du film d'Europe centrale et orientale, ass e Filmfestival, deen all Joer am Oktober zu Lëtzebuerg op verschiddene Plazen organiséiert gëtt.

Logo vum Festival

En ass op Filmer aus Mëttel- an Osteuropa spezialiséiert. Ausser Spillfilmer ginn och Documentairen, Animatiouns- a Kuerzfilmer presentéiert. Nieft de Projektiounen (generell tëscht 50 a 65 verschidde Spillfilmer an 30 Kuerzfilmer) bitt de Festival och Debatten, Concerten, Ausstellungen, kulinaresch Evenementer an Animatioune fir Kanner[1].

Déi bescht Filmer gi vun enger Jury a verschiddene Kategorien erausgesicht. Eng international Jury wielt d'Gewënner vum Grousse Präis ("Grand Prix") a vum Spezialpräis, eng aner Jury aus Filmkritiker verdeelt de Kritikerpräis, an och de Public wielt d'Gewënner vum Publikumspräis a véier Kategorien.

De Festival gëtt vu Fräiwëllegen organiséiert[2].

Geschicht an Editiounen änneren

2008 bis 2012: déi éischt fënnef Editiounen änneren

Déi éischt Editioun vum Festival du film d'Europe centrale[2] gouf am Oktober 2008 an der Abtei Neimënster organiséiert, nom Succès vun der "Woch vum polnesche Film" am Joer 2006. Ufanks goufe just Filmer aus Polen, Tschechien, Ungarn an der Slowakei zougelooss. 2.500 Persounen hunn d'Filmer deemools gekuckt[3].

D'Joer drop goufen 25 Filmer gewisen, nieft der Abtei Neimënster och an der Stater Cinemathéik. Fir d'éischt goufen och Filmer aus Rumänien gewisen.

2010 krut de Festival den aktuellen Numm, CinEast, an et gouf e "Grand Prix" an e Publikumspräis agefouert[4].

Bei der 4. Editioun am Joer 2011 si bal 80 Filmer gelaf. Bulgarien war d'"Gaaschtland" an de Motto war "Um Rand vun der Gesellschaft"..

2012 goufe vir d'éischt och Filmer aus Slowenien, Serbien a Kroatien, an de baltesche Staaten Litauen, Lettland an Estland gewisen. Gelaf si 50 Laangfilmer a 40 Kuerzfilmer.

Déi éischt fënnef Editioun goufe vun der asbl Polska.lu organiséiert.

2013 bis 2019 änneren

Zënter 2013 ass d'CinEast asbl fir de Festival verantwortlech.

Bei der 7. Editioun goufen 2014 iwwer 55 Longmetragen a 45 Kuerzfilmer aus 18 Länner virun engem Publikum vun 9.800 gewisen. Och d'Ukrain a Moldawien ware fir d'éischt Kéier derbäi. D'Joer drop gouf de Kritikerpräis agefouert. De Gewënner gëtt vun enger Jury aus Membere vun der Press oder anere Filmkritiker gewielt[5].

2017, bei der 10. Editioun, goufe fir d'éischt och Filmer aus Albanien gewisen. Am Ganze goufen iwwer 100 Filmer aus 19 Länner virgefouert.

Zënter 2020 änneren

Wéinst der Pandemie vum Coronavirus gouf déi 13. Editioun am Oktober 2020 an hybrider Form organiséiert, dat heescht am Kino an online. Gewise goufen 60 Laangfilmer a 40 Kuerzfilmer aus 18 Länner. De Jurypresident war de polnesche Regisseur Tomasz Wasilewski[6]. D'Fokusland war Ungarn, aus deem sechs Spillfilmer an zwee Kuerzfilmer gewise goufen.

2021 louch de Fokus um sloweenesche Film, mat insgesamt sechs Laang- an dräi Kuerzfilmer. De CinEast huet och en neie Filmpräis agefouert, de "Young Talents Award". Fënnef Filmer vun Regisseuren, déi eréischt een oder zwee Filmer gemaach hunn, stoungen an der Kompetitioun ëm dee Präis. De Gewënner gouf vun enger Jury aus véier Studente vun der Sektioun "BTS Cinéma et audiovisuel" vum Stater Lycée des arts et métiers gewielt. De Gewënner gouf agelueden, an der internationaler Jury vum CinEast 2022 ze sëtzen.

2022 war déi 15. Editioun vum Festival vum 6. bis den 23. Oktober. Juryspresidentin war d'Mazedonierin Teona Strugar Mitevska. Tschechien stoung dat Joer am Mëttelpunkt, an et gouf zousätzlech e Fokus op ukrainesch Filmer.

Déi 16. Editioun vun 2023 war vum 5. bis den 20. Oktober.

Visiteuren änneren

Leit, déi sech Filmer am Kino ugekuckt hunn - ouni déi Leit, déi nëmmen un Nieweveranstaltungen Deel geholl hunn
Joer
(Editioun)
2008
(1.)
2009
(2.)
2010
(3.)
2011
(4.)
2012
(5.)
2013
(6.)
2014
(7.)
2015
(8.)
2016
(9.)
2017
(10.)
2018
(11.)
2019
(12.)
2020
(13.)
2021
(14.)
2022
(15.)
Visiteuren 2.400[4] 3.600[4] 4.475 5.200 ? 6.700 7.000 7.000 8.100 8.000 8.100 9.100 3.150[7] 4.800[8] 6.800[9]

Jurysmemberen änneren

Joer International Jury Jury vun der Press Young Talents Jury
2010 - Gian Maria Tore (italieneesche Chercheur)
- Josée Hansen (lëtzebuergesch Journalistin)
- Claude Bertemes (Direkter vun der Stater Cinemathéik)
- António Raúl Reis (portugisesche Filmkritiker)
- Geneviève Mersch (lëtzebuergesch Regisseurin)
2015 agefouert 2021 agefouert
2011 - Agnieszka Holland (polnescher Regisseurin)
- Gian Maria Tore (italieenesche Chercheur)
- Claude Bertemes (Stater Cinemathéik)
- António Raúl Reis (portugisesche Filmkritiker)
- Bady Minck (lëtzebuergesch Regisseurin)
- Paul Thilges (lëtzebuergesche Filmproduzent)
2012 - Tomasz Wasilewski (polnesche Regisseur)
- Jani Thiltges (lëtzebuergesche Filmproduzent)
- Heleen Gerritsen (hollännesch Filmproduzentin)
- Zoé Wittock (belsch Regisseurin)
- Boyd van Hoeij (hollännesche Filmkritiker)
2013 - Donato Rotunno (lëtzebuergesche Filmproduzent a Regisseur)
- Bernard Michaux (lëtzebuergesche Filmproduzent)
- Vesna Andonovic (lëtzebuergesch Journalistin)
- Katarzyna Klimkiewicz (polnesch Filmregisseurin)
- Maja Juric (bosnesch Schauspillerin)
2014 - Regisseur Sergei Loznitsa (ukrainesche Regisseur)
- Karolina Markiewicz (Journalistin)
- Gintare Parulyte (litauesch-lëtzebuergesch Schauspillerin)
- Claude Waringo (lëtzebuergesche Filmproduzent)
- Christophe Wagner (lëtzebuergesche Regisseur)
2015 - Andrzej Zulawski (polnesche Regisseur)
- Alexandra Hoesdorff (Filmproduzentin)
- Ina Ivanceanu (éisträichesch Documentaregisseurin)
- Vicky Krieps (lëtzebuergesch Schauspillerin)
- Yann Tonnar (lëtzebuergesche Regisseur)
- Antonio Raul Reis
- Thibaut Demeyer
- Brigitte Lepage
2016 - Mirjana Karanović (serbesch Schauspillerin a Regisseurin)
- Boyd van Hoeij (hollännesche Kritiker)
- Nico Simon (President vun Europa Cinemas)
- Dolya Gavanski (brittesch Schauspillerin)
- Pol Cruchten (lëtzebuergesche Regisseur)
- Jean-Pierre Thilges
- Isabelle Debuchy
- Karolina Markiewicz
2017 - Anne Fontaine (franséisch Schauspillerin)
- Adrian Titieni (rumänesch Schauspiller)
- Bady Minck (lëtzebuergesch Filmregisseurin)
- Oliver Baumgarten (däitsche Filmfestivaldirekter)
- Philippe Carcassonne (franséische Filmproduzent)
- Pablo Chimienti (Le Quotidien)
- Valerija Berdi (Radio 100,7)
- Matthew Boas (Cineuropa)
2018 - Bence Fliegauf (ungaresche Regisseur)
- Arta Dobroshi (kosovaresch Schauspillerin)
- Govinda Van Maele (lëtzebuergesche Regisseur)
- Astrid Roos (franséisch-lëtzebuergesch Schauspillerin)
- Sergej Stanojkovski (kroatesche Regisseur)
- Claude Neu
- Charlotte Wensierski
- Loïc Millot
2019 - Jacques Doillon (franséische Regisseur)
- Renata Santoro (italieenesch Festivalsorganisatrice)
- Marius Olteanu (rumänesche Regisseur)
- Sophie Mousel (lëtzebuergesch Schauspillerin)
- Adolf El Assal (lëtzebuergesche Regisseur)
- Marc Trappendreher (d'Lëtzebuerger Land)
- France Clarinval (RTL)
- Cristóbal Soage (Cineuropa)
2020 - Tomasz Wasilewski (polnesche Regisseur)
- Heleen Gerritsen (hollännesch Filmproduzenten)
- Jani Thiltges (lëtzebuergesche Filmproduzent)
- Zoé Wittock (belsch Regisseurin)
- Boyd van Hoeij (hollännesche Filmkritiker)
- Yasemin Elçi
- António Raúl Reis
- Elena Lazic
2021 - Radu Jude (rumänesche Filmregisseur)
- Michaela Pavlátová (tschechesch Regisseurin)
- Nicolas Steil (lëtzebuergesche Filmproduzent)
- Larisa Faber (lëtzebuergesch Schauspillerin a Regisseurin)
- Céline Masset (belsch Filmfestivalorganisatrice)
- Teresa Vena
- Tobias Keßler
- Gabrielle Seil
- Alix Andries
- Luca Mahnke
- Nikola Ozimkiewicz
- Elsa Schweitzer
2022 -Teona Strugar Mitevska (Presidentin vum Jury, mazedonesch Filmregisseurin)
- Luc Schiltz, lëtzebuergesche Schauspiller
- Erika Hníková, tschechesch Regisseurin
- Marion Guth, lëtzebuergesch Produzentin
- Dawid Nickel, polnesche Regisseur
-Valerio Caruso
- Geoff Thompson (chronicle.lu)
-Nora Schloesser (Luxemburger Wort).
-Céline Schlesser
- Andy-Lee Hoareau
-Léa Petitjean
-Kevin Wagner

Filmpräisser änneren

 
Bei der éischter Editioun mat Präisiwwerreechung huet dat rumänescht Filmdrama Morgen béid Präisser gewonnen

2010

  • Grand Prix: Morgen vum Marian Crişan
  • Publikumspräis: Morgen vum Marian Crişan

2011

  • Grand Prix: Młyn i krzyż (engl.The Mill and the Cross) vum Lech Majewski
  • Spezialpräis vun der Jury: Adrienn Pál vum Ágnes Kocsis
  • Publikumspräis: Czech Made Man vum Tomáš Řehořek

2012

  • Grand Prix: Toată lumea din familia noastră (engl. Everybody in Our Family) vum Radu Jude
  • Spezialpräis vun der Jury: Tilva Roš vum Nikola Ležaić
  • Publikumspräisser:
    • Langfilm: Seenelkäik (engl: Mushrooming) vum Toomas Hussar
    • Kuerzfilm: Opowieści z chłodni (engl. Frozen Stories) vum Grzegorz Jaroszuk

2013

  • Grand Prix: Krugovi (engl. Circles) vum Srdan Golubovic
  • Spezialpräis vun der Jury: Isteni müszak (engl. Heavenly Shift) vum Mark Bodzsar
  • Publikumspräis: Krugovi (engl. Circles) vum Srdan Golubovic

2014

  • Grand Prix: Cesta ven (engl. The Way Out) vum Petr Václav
  • Spezialpräis vun der Jury: Viktoria vum Maya Vitkova
  • Publikumspräis: Chce się żyć (engl. Life Feels Good) vum Maciej Pieprzyca
  • Publikumspräisser:
    • Kuerzfilm (Fiktioun): Little Secret vum Martin Krejčí
    • Kuerzfilm (Documentaire): Kod Ćoška (engl. Down on the Corner) vum Nikola a Corina Schwingruber Ilić
    • Kuerzfilm (Animéiert): Łaźnia (engl. Baths) vum Tomasz Ducki
 
De polnesche Film Ciało huet 2015 de grousse Präis gewonnen. Och beim Europäesche Filmpräis 2016 krut e spéider de Publikumspräis

2015

  • Grand Prix: Ciało (engl. Body) vum Małgorzata Szumowska
  • Spezialpräis vun der Jury: Babai vum Visar Morina
  • Kritikerpräis: Saul fia (engl. Son of Saul) vum László Nemes
  • Publikumspräisser:
    • Laangfilm: Karatsi (engl. Losers) vum Ivaylo Hristov
    • Kuerzfilm (Fiktioun): Shok vum Jamie Donoughue
    • Kuerzfilm (Documentaire): 2nd floor / 2.em vum Hajni Kis
    • Kuerzfilm (Animéiert): Nina vum Veronika Obertová a Michaela Čopíková

2016

  • Grand Prix: Es esmu šeit (engl. Mellow Mud) vum Renars Vimba
  • Spezialpräis vun der Jury: Tiszta szívvel (engl. Kills on Wheels) vum Atila Till
  • Kritikerpräis: 11 minut (engl. 11 Minutes) vum Jerzy Skolimowski
  • Publikumspräisser:
    • Laangfilm: Planeta singli (engl. Planet Single) vum Mitja Okorn
    • Kuerzfilm (Fiktioun): Romantik vum Mateusz Rakowicz
    • Kuerzfilm (Documentaire): Nauka (engl. Education) vum Emi Buchwald
    • Kuerzfilm (Animéiert): Happy End vum Jan Saska

2017

  • Grand Prix: Ptaki spiewaja w Kigali (engl. Birds Are Singing in Kigali) vum Joanna Kos-Krauze a Krzysztof Krauze
  • Spezialpräis vun der Jury: Soldații. Poveste din Ferentari (engl. Soldiers. Story From Ferentari) vum Ivana Mladenović
  • Kritikerpräis: Posoki (engl. Directions) vum Stephan Komandarev
  • Publikumspräisser:
    • Laangfilm: Ustav Republike Hrvatske (engl. The Constitution) vum Rajko Grlić
    • Kuerzfilm (Fiktioun): Into the Blue vum Antoneta Alamat Kusijanović
    • Kuerzfilm (Documentaire): Wiezi (engl. Close Ties) vum Zofia Kowalewska
    • Kuerzfilm (Animéiert): Gamer Girl vum Irena Jukić Pranjić
 
Den ungareschen Drama Egy nap (engl. One Day) war de Gewënner vum Grousse Präis am Joer 2018

2018

  • Grand Prix: Egy nap (engl. One Day) vum Zsófia Szilágyi
  • Spezialpräis vun der Jury: Všechno bude (engl. Winter Flies) vum Olmo Omerzu
  • Kritikerpräis: Ága vum Milko Lazarov
  • Special Mention: Ága vum Milko Lazarov
  • Publikumspräisser:
    • Laangfilm: Druga strana svega (engl. The Other Side Of Everything) vum Mila Turajlić
    • Kuerzfilm (Fiktioun): Ostrom (engl. A Siege) vum István Kovács
    • Kuerzfilm (Documentaire): Vika vum Marta Iwanek a Christian Borys
    • Kuerzfilm (Animéiert): The Box vum Dušan Kastelic

2019

  • Grand Prix: Oleg vum Juris Kursietis
  • Spezialpräis vun der Jury: Boże Ciało (engl. Corpus Christi) vum Jan Komasa
  • Kritikerpräis: Boże Ciało (engl. Corpus Christi) vum Jan Komasa
  • Publikumspräisser:
    • Laangfilm: Medena zemja (engl. Honeyland) vum Ljubomir Stefanov a Tamara Kotevska
    • Kuerzfilm (Fiktioun): Cadoul de Craciun (engl. The Christmas Gift) vum Bogdan Muresan
    • Kuerzfilm (Animéiert): Toomas teispool metsikute huntide orgu (engl. Toomas Beneath the Valley of the Wild Wolves vum Chintis Lundgren
    • Kuerzfilm (Documentaire): Tańczę dla ciebie (engl. Dancing for You) vum Katarzyna Lesisz
 
D'Rumänesch-Lëtzebuergesch Koproduktioun Colectiv krut 2020 de Publikumspräis

2020

  • Grand Prix: Služobníci (engl. Servants) vum Ivan Ostrochovský
  • Spezialpräis vun der Jury: Mare vum Andrea Štaka
  • Kritikerpräis: Zgodbe iz kostanjevih gozdov (engl. Stories from the Chestnut Woods) vum Gregor Božič
  • Publikumspräisser:
    • Laangfilm: Colectiv vum Alexander Nanau
    • Kuerzfilm (Fiktioun): Lake of Happiness vum Aliaksei Paluyan
    • Kuerzfilm (Animéiert): Podle Sylvie (engl. Way of Sylvie) vum Verica Pospíšilová Kordić
    • Kuerzfilm (Documentaire): We Have One Heart vum Katarzyna Warzecha

2021

  • Grand Prix: Murina vum Antoneta Alamat Kusijanović
  • Spezialpräis vun der Jury: Śniegu już nigdy nie będzie (engl. Never Gonna Snow Again) vum Małgorzata Szumowska a Michał Englert
  • Kritikerpräis: Miracol (engl. Miracle) vum Bogdan George Apetri
  • Young Talents Award: Ostatni komers (engl. Love Tasting) vum Dawid Nickel
  • Publikumspräisser:
    • Laangfilm: Love Around the World vum Davor Rostuhar a Andjela Rostuhar
    • Kuerzfilm (Fiktioun): Nuda (engl. Boredom) vum Alica Bednáriková
    • Kuerzfilm (Animéiert): Rudé boty (engl. Red Shoes) vum Anna Podskalská
    • Kuerzfilm (Documentaire): Stolen Fish vum Gosia Juszczak

2022

  • Grand Prix:Gentle vun der Anna Eszter Nemes an dem László Csuja
  • Spezialpräis vum Jury: 107 Mothers vum Peter Kerekes
  • Kritikerpräis: How Is Katia ? vun der Christina Tynkevych
  • Präis fir jonkt Talent: The Uncle vum David Kapac an der Andrija Mardešić
  • Publikumspräisser:
    • Laangfilm: Sonatavum Bartosz Blaschke
    • Kuerzfilm (Fiktioun): Branka vum Ákos K. Kovács
    • Kuerzfilm (Animéiert): This Will Not Be a Festival Film vun der Julia Orlik
    • Kuerzfilm (Documentaire): Attention To All Passengers vum Marek Moučka

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Festival" op cineast.lu, gekuckt 03.11.2020.
  2. 2,0 2,1 land.lu: Bilder aus dem „Osten“ vum Peter Feist (26. Mee 2011)
  3. Quell: Artikel vum Robert Lipka am Forum (2019), Link am Kapitel "Um Spaweck"
  4. 4,0 4,1 4,2 Luxemburger Wort: Dritte Auflage von Cineast vum Vesna Andonovic (5. November 2010)
  5. wort.lu: Un film polonais emporte le Grand Prix (25. Oktober 2015)
  6. land.lu: Un CinEast hybride vum Loïc Millot (9. Oktober 2020)
  7. Donieft konnt ee verschidde Filmer och online ukucken; si goufen 2.700 Mol ugekuckt.
  8. Donieft konnt ee verschidde Filmer och online ukucken; si goufen 2.600 Mol ugekuckt.
  9. Donieft konnt ee verschidde Filmer och online ukucken; si goufen eng 1.000 Mol ugekuckt. Quell: "Festival Cinéast zieht Bilanz." wort.lu, 26.10.2022.