Schlass Käerch

Lëtzebuerger Buergruin
(Virugeleet vu(n) Käercher Schlass)

D'Ruin vum Käercher Schlass (oder Gréiweschlass) ass dat eenzegt, vun de sengerzäit zwou mëttelalterleche Buergen zu Käerch, dat iwwereg bliwwen ass.

Schlass Käerch
D'Waasserbuerg Käerch, genannt Gréiweschlass (2010)
Typ Schlass,
Ruin
Land Lëtzebuerg
Gemeng Käerch
Plaz Käerch
Koordinaten 49° 40’ 10’’ N
      05° 57’ 00.80’’ O
Statut Klasséiert Monument

Käerch hat am Mëttelalter zwou Buergen an zwou Herrschaften. Nieft dem Gréiweschlass gouf et och nach dat haut komplett verschwonnent Fockeschlass (och Nassauer Schlass). An der Hierarchie vu béiden Herrschaften zu Käerch, war d'Rollenger Herrschaft, déi enk Verbindungen mat Simmer an Aansebuerg (Famill de Raville) hat, fir déi héich Geriichtsbarkeet zoustänneg, iwwerdeems d'Fockenherrschaft fir déi nidder Geriichtsbarkeet zoustänneg war.

D'Waasserbuerg hat eng eege Bannmillen (ënnescht Mille, spéider passend zum Schlass och Gréiwemillen genannt), déi net wäit ewech vun der Fockemillen och op der Äisch stoung, mä déi awer haut komplett verschwonnen ass. Den Toponymm Millebierg erënnert haut nach un déi Zäit, wou d'Käercher Leit op d'Bannmille muele goungen.

Lag änneren

 
Kaart mat der Lag vu béide Käercher Schlässer an hire respektive Bannmillen. De benotzten Hannergronn kombinéiert zwou Schichte: Toponymes cadastraux a Modèle numérique de terrain 2019 (survol LiDAR). On-line: ACT/Geoportail.lu

D'Ruine vun der Waasserbuerg stinn an der Uertschaft Käerch nieft der Gemeng, um rietsen Uwänner vun der Gieweler Baach (och nach Käercher Baach), déi fréier de Waassergruef gefëllt huet.

Bauphasen änneren

De Robert Krantz an de Norbert Quintus haten an den 1980er Joren hir Hypotheesen dozou verëffentlecht. Duerch Ausgruewungen ënner Matwierkung vum John Zimmer koumen am neie Joerdausend nei Erkenntnesser derbäi.

Waassergruef änneren

De Gruef vun der Buerg ass haut zum gréissten Deel zougeschott. E gouf vun der Baach gefiddert, a war op der Nordsäit ganz aus dem Fiels erausgehae ginn. Hautdesdaags ass nach just eng Partie am Südosten ze gesinn. E war eng 11 - 12 Meter breet. Geologesch Opnamen hunn erginn, datt et praktesch onméiglech war, datt de Gruef ëmmer ënner Waasser stoung. Dat kënnt doduerch datt d'Baach besonnesch am Summer net ëmmer genuch Waasser konnt liwweren, an d'Waasser um poröse Sandsteen méi séier versickert a verdonst ass wéi d'Baach et noliwwere konnt. Et gëtt dofir ugeholl datt de Gruef am Summer meeschtens dréche war, a just am Wanter e méi oder manner suppegt Hënnernes war.

Aner Waasserbuergen zu Lëtzebuerg ware Pëtten (Ruinen an engem vergläichbaren Zoustand) a Keel (haut verschwonnen).

Geschicht änneren

Dat éischt Dokument dat bekannt ass, an deem d'Buerg vu Käerch ernimmt gëtt ass vum 6. Februar 1295. An deem erkläert de Ritter Johann vun Aansebuerg dat hie säi Besëtz zu Käerch dem Här vun Useldeng als ierfleche Buergfief géif iwwerginn[1]. Wéi de Johann vun Aansebuerg an de Besëtz vun der Buerg koum kann net méi novollzu ginn. D'Dokumentatioun iwwer déi Aansebuerger kann nëmme bis 1238 zeréckverfollegt ginn.

Am Joer 1580 gouf de Jacques de Raville Schlasshär.

Den Numm Gréiweschlass, krut d'Gebai, wéi de Lambert-Joseph de Marchant, Här vun Aansebuerg d'Buerg ëm 1738 kaaft huet. Den 1. Oktober 1749, gouf hie vun der Keeserin Maria Theresia als Grof ernannt. Vun do u krut d'Buerg den Numm Gräfen- oder och Grevenschloss[2].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: [Fockeschlass (Period 1738 - 1768)].

Erënnerung änneren

 
De Wope vun der Gemeng Käerch vun 1980, vereent Elementer vun de Schëlter vun den zwou fréiere Seigneurerien.

Den 22. November 1938 gouf d'Schlass op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen[3].

De Veräi Käercher Schlassfrënn ass 1993 gegrënnt gi mat den Ziler, d'Schlassruin z'erhalen a Fester am a ronderëm d'Gréiweschlass z'organiséieren.

Literatur änneren

  • Gengler, Nicolas, 1939. Die alten Schlossherrschaften von Körich. P. 215-217 in: Der Kanton Capellen: Festschrift zur Zentenarfeier der Unabhängigkeit Luxemburgs / hrsg. vom Organisations-Comité der Kantonalfeier in Cap, am 11. Juni 1939. Capellen.
  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Untersuchungen über die zwei Burgen zu Koerich. [mit Beiträgen von René Klein und Robert Leer]. 43 p. Monuments en péril n°4. Société des antiquités nationales, Luxembourg.
  • Milmeister, Jean, 1979. Die Nassauer von Koerich. Revue Jg. 34, Nr. 34: 32-35, Luxemburg.
  • Schmitt, Edmond, 2003. Käercher Schlassfrënn: Gréiveschlass bald regionales Kulturzentrum?, in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 24, N° 3/4: 405-411.
  • Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (cf. Ss. 44-75)

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass Käerch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lëtzebuerger Staatsarchiv AXLIX 798; C. Wampach, Urkunden & Quellenbuch (UQB) VI, N°621.
  2. Majerus, Nic., Luxemburger Gemeinden (Lux., 1959/1960)
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).