Schmelz
Eng Schmelz ass eng industriell Installatioun, déi als Zil huet, duerch Aschmëlze vu Matière eng aner Matière hierzestellen, déi verschafft a verkaaft ka ginn.
Etymologesch kënnt d'Wuert Schmelz vum Verb "schmëlzen", dat eng Ännerung vum cheemeschen Agregatiounszoustand vun enger Matière bedeit.
An der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Siderurgie hu Schmelzen zu Lëtzebuerg eng grouss Roll gespillt.
Äerz, notamment Lëtzebuerger Minett, déi virun allem am Süde vum Land an der sougenannter Minettsgéigend ofgebaut ginn ass, ass a Schmelzen verschafft ginn.
Produktiounsweis
ännerenAn Héichiewe gëtt mat Hëllef vu Brennmaterial (dacks Kock) Äerz sou erhëtzt, datt d'Metall sech aus dem Stee léist. Dat elo flëssegt, also ageschmolt Material, gëtt iwwer Eisen- oder Stolstroossen aus dem Héichuewe geleet an zu diverse Produkter verschafft.
Standuerter vu Schmelzen zu Lëtzebuerg
änneren- Déi grouss Schmelze vum Land sinn am Süden ze fannen, notamment zu Déifferdeng, Esch-Uelzecht (Adolf-Emil, Brasseur, Belval), Rodange a Schëffleng.
- Déi Diddelenger Schmelz, déi Matgrënnerin vun der ARBED war, gouf an den 1980er Joren, wéi d'Flëssegphas duerch grouss Elektroiewen ersat gouf, deelweis ofgerappt, an et ass just e kaalt Walzwierk an eng Verzénkungsanlag am Greisendall stoe bliwwen.
- Méi kleng Schmelze ware fréier och méi nërdlech ze fannen, wéi zu Eech, Stengefort, Manternach oder zu Simmer.
- Déi Dummeldenger Schmelz war eng vun den éischten am Land.
- Ee vun den éischten Héichiewe stoung tëscht Fëschbech an der Fiels. D'Reschter kann een am Bësch, net wäit vun de Frelleweiere vu Fëschbech op der Schmëdd gesinn, ongeféier 300 Meter vum rietsen Uwänner vun der Wäisser Iernz. De Schmelzeweier ass och nach do ze gesinn, an de Flouernumm Nei Schmelz erënnert drun, datt do mol eng Schmelz stoung.
- D'Zowaascher Schmelz
- D'Rëmelenger Schmelz
Um Spaweck
ännerenCommons: Schmelzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |