E Buggi ass e klengen Zuchwaggon, dee virun allem an de Minièren am Minett agesat gouf, fir déi eisenhalteg Minettssteng ze transportéieren. An de meeschte Fäll si se vun der Ofbauplaz bis op e Quai gefuer, wou d'Minett a gréisser Eisebunnswaggonen ëmgefëllt gouf. Am Ufank si se vu Schaffpäerd, spéider awer vun Damplokomotiven oder, an de Minièrë selwer, vun Elektrolokomotive gezu ginn.

Kippwon: zwéi Lëtzebuerger Buggien
Wéi: e Buggi vir op zwou Säiten ze kippen

Net seelen hu se misse Iwwer Dag e groussen Héichtenënnerscheed iwwerwannen. An deene Fäll si beluede Waggone mat sougenannte Bremsschäpp erofgelooss an eideler eropgezu ginn. Fir Accidenter beim Eropzéien z'evitéiere gouf dacks hannen un dee leschte Buggi en "Hond" ugehaangen.

Beim Entluede gouf den eisene Bac iwwer en Hiewelsystem ëmgekippt.

Zu Lëtzebuerg goufen der och produzéiert, ë. a. vun der Géisserei a Schlässerei Massard zu Keel, dem Atelier Friser zu Téiteng an dem Atelier Ernest Barblé zu Stroossen.

Buggie gesäit een haut nach a ville Minettsstied, wou se als Monumenter opgestallt goufen.

Buggien an anere Formen änneren

Do wou et noutwenneg war, goufe Buggie benotzt déi zu zwou Säite konnte gekippt ginn. Well do d'Achs vum Kippsystem net laanscht der Säit vum Chassis ubruecht war, mä an der Mëtt, haten déi den Nodeel datt se net vum selwe ganz eidel gelaf sinn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Buggien – Biller, Videoen oder Audiodateien