Lieu-dit

bestëmmt Plaz an enger Gemeng mat engem toponymeschen Numm
Panneau lieu-dit.jpg

Lieu-dit bezeechent an franséische Sproochraum eng kleng geographesch Eenheet, meeschtens den Numm vun enger bestëmmter Plaz an enger Gemeng[1]. Sou Nimm kënne vun engem Flouernumm hierkommen, oder wann haut keng Gebaier méi do stinn, z. B. vun engem Haff oder Millen déi fréier, op där Plaz stoungen, oder vun enger fréierer Uertschaft, wéi z. B. Schéimerech, Réisseng, oder vu soss enger geographescher Bezeechnung wéi z. B. Tossebierg oder vun enger Baach wéi Keiwelbaach.

De Lieu-dit zu LëtzebuergÄnneren

Zu Lëtzebuerg fënnt een de Lieu-dit praktesch net an der normaler Alldagssprooch. Sou Plaze ginn normalerweis grad wéi Plazen um Flouer einfach mat hirem Numm genannt ouni dat ee Lieu-dit derbei seet. D'Expressioun ass dofir praktesch nëmmen an der administrativer Sprooch ze fannen wou dann och Zesummenhäng tëscht de Verwaltunge bestinn. Sou seet ons de z. B. de Kadaster wat e Lieu-dit ass, an d'Bauverwaltung setzt déi Bezeechnung da bei hirer Beschëlderung an, fir d'Benotzer vu Verkéiersweeër drop hinzeweisen datt se op e Lieu-dit kommen oder dervu fortfueren (Schëld F, 14a a Schëld F, 14b) oder fir en ze weise wéi se solle fuer fir op e bestëmmte Lieu-dit ze kommen (Schëld E, 5a).

Kuckt ochÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Definitioun nom Larousse en trois volumes, Editioun 1966, Säit 784