Pierre Gramegna

lëtzebuergesche Politiker an Diplomat

De Pierre Gramegna, gebuer den 22. Abrëll 1958[1] zu Esch-Uelzecht[2], ass e lëtzebuergeschen Diplomat, Politiker a Manager. Hien ass zanter dem 1. Dezember 2022 Generaldirekter vum Europäesche Stabilitéitsmechanissem (ESM).[3]

Pierre Gramegna
Gebuer 22. Abrëll 1958
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Demokratesch Partei

Carrière änneren

De Pierre Gramegna huet op der Universitéit Paris II Droit an Ekonomie studéiert, an ass direkt duerno an de lëtzebuergeschen diplomateschen Déngscht agetrueden.

Hien huet 5 Joer am Ausseministère geschafft, duerno war e 5 Joer Conseiller d'ambassade zu Paräis, 3 Joer Generalkonsul zu San Francisco a schliisslech 6 Joer Lëtzebuerger Ambassadeur zu Tokyo[4].

No engem Joer als Chef vun der Direction des affaires européennes et des relations économiques internationales am Ausseministère gouf hien 2003 Direkter vun der Handelskummer. Hie blouf dat bis zu senger Ernennung zum Regierungsmember an der Regierung Bettel-Schneider.

Hie war vun 2004 bis 2008 President vum Verwaltungsrot vun der Cargolux a Verwaltungsrotsmember vun der Bourse, Société nationale de crédit et d'investissement, Office du ducroire, Luxexpo a BGL BNP Paribas.

De 4. Dezember 2013 gouf hien zum Finanz- a Budgetsminister an der Regierung Bettel-Schneider ernannt.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt[5]. Hien huet awer op dëst Mandat verzicht, fir op en Neits Finanz- a Budgetsminister an der Regierung Bettel-Schneider-Braz ze ginn, déi aus deene Walen ervirgaange war. Am Januar 2022 ass hien aus perséinleche Grënn zeréckgetrueden.[6]

De 25. November 2022 gouf de Pierre Gramegna vum Verwaltungsrot vum Europäesche Stabilitéitsmechanissem, als Nofollger vum Klaus Regling, zu deem sengem neie Generaldirekter ernannt.[3]

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pierre Gramegna – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. future-internet.uni.lu
  2. Biographie vum Pierre Gramegna op paperjam.lu
  3. 3,0 3,1 Lydia Linna: "European Stabilisation Mechanism: Pierre Gramegna appointed ESM managing director." delano.lu, 2022-11-25.
  4. "Pierre Gramegna sera le nouveau ministre des Finances." wort.lu, 14.10.13 15:25.
  5. elections.lu.
  6. Emery P. Dalesio an John Monaghan: "Finance Minister Gramegna to exit politics." luxtimes.lu, 2021-11-30.
  7. Memorial B N° 103 vun 2012 mat der Lëscht vun de Leit déi 2012 eng national Auszeechnung kritt hunn