Hamilius (Tramshalt)

Statioun vum Stater Tram

Hamilius ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 13. Dezember 2020 opgaangen ass.

Hamilius
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 13. Dezember 2020
genannt no Émile Hamilius
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Uewerstad
Koordinaten 49°36'39,35"N, 6°7'34,21"O, 49°36'40,64"N, 6°7'34,18"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Stäreplaz / Étoile,
Place de Metz

Lag vun der Statioun änneren

D'Statioun läit um Boulevard Royal am Quartier Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Stäreplaz / Étoile am Norden a Place de Metz am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel Aéroport[1] Stäreplaz / Étoile Hamilius Place de Metz Stadion[1]

D'Statioun läit direkt bei der Place Émile Hamilius an ass - grad ewéi d'Plaz - nom fréiere Stater Buergermeeschter Émile Hamilius genannt.

Infrastruktur änneren

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun huet een Uschloss op AVL-Buslinnen (Halten: Hamilius a Monterey); déi noosten Halte fir RGTR-Buslinnen leie beim Park an der Montereysavenue (Halt: Monterey).

Biller änneren

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hamilius (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023