Luxexpo (Tramshalt)

Tramsstatioun an der Stad Lëtzebuerg

Luxexpo ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.

Luxexpo
Standuert vun der Statioun
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 10. Dezember 2017
genannt no Luxexpo The Box
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Kierchbierg
Koordinaten 49°38'7,19"N, 6°10'32,77"O, 49°38'8,20"N, 6°10'33,96"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Héienhaff,
Alphonse Weicker

Lag vun der Statioun änneren

D'Statioun läit beim Rond-point Serra, am Ufank vun der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg. Bis datt d'Streck bis op de Findel verlängert ass[1], ass d'Statioun Luxexpo de provisoreschen Terminus.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel Aéroport[2] Héienhaff[2] Luxexpo Alphonse Weicker Stadion[2]

D'Statioun läit no bei der Luxexpo The Box, no där se och genannt ass.

Infrastruktur änneren

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. Kuriéiserweis ass den Numm vun der Statioun net op de Quaien ugeschloen. D'Statioun ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen, eng Vel'oH!-Statioun an et huet een an der Busgare Luxexpo Uschloss op eng sëlleg AVL- an RGTR-Buslinnen.

Biller änneren

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend [3] änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Luxexpo (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. geplangt fir Enn 2024
  2. 2,0 2,1 2,2 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023
  3. Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23).