Autobunn A1 (Lëtzebuerg)

LU-A1.svg
A1 - Tréierer Autobunn
Luxembourg A1.png
Zeechen Verdeeler km[1]
AB-Kreuz-blau.svg A3/A6 Gaasperecher Kräiz 0,0
AB-Tunnel.svg Tunnel Houwald
AB-Brücke.svg Victor-Bodson-Bréck
AB-AS-blau.svg 7 Hamm 6,867
AB-Tunnel.svg Tunnel Zens
AB-AS-blau.svg 8 Kierchbierg 9,075
AB-Kreuz-blau.svg Uschloss A7 Kräiz Gréngewald 9,893
AB-AS-blau.svg 9 Sennengerbierg 11,801
AB-AS-blau.svg 10 Cargocenter 12,968
AB-AS-blau.svg 11 Mënsbech 15,430
AB-AS-blau.svg 12 Fluessweiler 22,648
AB-AS-blau.svg 13 Potaschbierg 26,149
AB-AS-blau.svg 14 Mäertert 30,212
AB-Brücke.svg Sir-Viaduc
AB-Brücke.svg Viaduc Sernigerbaach
AB-AS-blau.svg 15 Waasserbëlleg 35,023
AB-Rast.svg AB-Tank.svg Zeichen 314-50 - Parkplatz, StVO 2013.svg Aire de Wasserbillig
AB-Brücke.svg Sauerdallbréck
EU-Icon.svg Däitsch Grenz - A64 36,203

D'Autobunn A1, och Tréierer Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Gréiwemaacher. Se fänkt um Gaasperecher Kräiz un a mécht d'Verbindung mat Däitschland op der Héicht vu Waasserbëlleg wou se op der Grenz iwwer d'Sauer geet. Vun do un iwwerhëlt déi däitsch A64 de Verkéier.

D'A1 huet eng Längt vu 36,7 km a se leeft méi oder manner parallel zu der N1. Se ass Deel vun der Europastrooss E44.

D'A1 gouf an e puer Phase fir de Verkéier opgemaach[2]:

  • 6. September 1988: Waasserbëlleg - Potaschbierg
  • 11. Juni 1990: Mënsbech - Sennengerbierg
  • 26. Juni 1992: Potaschbierg - Mënsbech (d'Mëttelstéck huet méi laang gedauert, well et déi néideg Geneemegunge gebraucht huet, fir duerch en Naturschutzgebitt ze fueren. An der Tëschenzäit ass de Verkéier weider iwwer d'N1 geleet ginn, mat enger Zuchbarrière an der Mëtt.)
  • 20. Mee 1994: Gaasperecher Kräiz - Sortie "Iergaart"

Dobäi koumen 1996 an 2002 Aarbechten um Stéck tëscht dem Iergaart an dem Sennengerbierg, ë. a. fir den Uschloss un d'A7 ze preparéieren. Gläichzäiteg mam Fäerdegstelle vum Süd-Ost-Contournement vun der Stad gouf ugefaangen, déi haiteg Avenue John-F.-Kennedy um Kierchbierg, déi ufanks als Autobunn konzipéiert war (an och "A1" genannt gouf) zu engem Boulevard zréckzebauen.

Op der Streck vu Gaasperech bis op Waasserbëlleg goufen e puer grouss Brécken an Tunnelle gebaut:

  1. de Viaduc Drousbaach
  2. den Tunnel um Houwald bei Hesper
  3. d'Victor-Bodson-Bréck, eng Schréiseelbréck iwwer den Uelzechtdall.
  4. den Tunnel um Zens
  5. d'Neiduerfer Autobunnsbrécken OA 1177 an OA 1176
  6. den Uewersir-Viaduc bei Nidderaanwen
  7. de Sir-Viaduc bei Mäertert
  8. de Viaduc iwwer d'Sernigerbaach op der Wollefsmillen bei Waasserbëlleg
  9. d'Sauerdallbréck iwwer d'Sauer op der Grenz mat Däitschland

BillerÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: A1 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. (fr)A1 - Autoroute de Trèves. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-01.
  2. Evolution du réseau autoroutier. Administration des Ponts et Chaussées.