Faïencerie (Tramshalt)
Statioun vum Stater Tram
Faïencerie ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 27. Juli 2018 opgaangen ass.
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 27. Juli 2018 |
genannt no | Avenue de la Faïencerie |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lampertsbierg |
Koordinaten | 49°36'57,2"N, 6°7'15,6"O, 49°36'58,25"N, 6°7'17,47"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Theater, Stäreplaz / Étoile |
Lag vun der Statioun änneren
D'Statioun läit an der Allée des Résistants et des Déportés am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Theater am Norden an Stäreplaz / Étoile am Süden.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel Aéroport[1] | Theater | Faïencerie | Stäreplaz / Étoile | Stadion[1] |
D'Statioun läit um Eck vun der Avenue de la Faïencerie an ass - grad ewéi d'Strooss - no der Faïencefabréck op de Siwebueren genannt.
Infrastruktur änneren
D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel. Bei der Statioun huet een Uschloss op AVL-Buslinnen (Halt: Faïencerie / INL).
Biller änneren
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend änneren
-
den Nikloskierfecht
-
de Stater Park
-
de Siège vum Roude Kräiz
-
D'Haaptgebai vum Institut national des langues Luxembourg, gebaut fir déi éischt Europaschoul.
Um Spaweck änneren
Commons: Faïencerie (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023