RGTR-Linn 221
D'RGTR-Linn 221 ass eng regional Buslinn déi am Kader vum RGTR am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten um Trajet Kierchbierg - Uewerstad - Dummeldeng - Eesebuer - Buerglënster - Guedber - Jonglënster fiert. Virum 17. Juli 2022 ass se als Linn 100 gefuer.
Déi fréier Linn 100 op der Halt Theater an der Stad | |
Lëtzebuerg - Jonglënster | |
---|---|
Bedreiwer | Régime général des transports routiers |
vu(n) | LUX Kirchberg, B.E.I. 49°37'13,84"N, 6°8'20,58"O |
op | JUNGLINSTER, Op der Gare 49°42'41"N, 6°15'8"O |
iwwer | Lëtzebuerg, Uewerstad, Dummeldeng, Eesebuer, Buerglënster, Guedber, Jonglënster |
Bustyp | Gelenkbus |
opgaang | 17. Juli 2022 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Fuerzäit | 37 min, 36 min |
Bis de 16/07/2022 ass d'Linn 100 op der Streck Lëtzebuerg - Buerglënster - Allënster - Fiels - Dikrech gefuer.
D'Linn 221 gëtt vu méindes bis samschdes all Stonn, mat Zousazfaarten an der Spëtzestonnen ausgefouert. Sonndes fiert d'Linn all zwou Stonnen.
Zu Eesebuer huet se Uschloss op d'Linn 235 fir op Luerenzweiler an zu Jonglënster op d'Linn 250 a Richtung Ettelbréck / Dikrech.
Halten op der Linn
änneren(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: RGTR-Linn 221 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
ännerenAll d'Informatioune bezéie sech op de Fuerplang vum 17. Juli 2022