AVL-CN2
Stater Nuetsbuslinn (AVL)
D'AVL-Linn CN2 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.
Bis den CN2 kënnt, dauert et nach e bëssen. | |
City Night Bus 2 | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
op | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
iwwer | Uewerstad, Gaasperech, Zéisseng |
Bustyp | Standardbus |
opgaang | 15. Juli 2023 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 10.414 m |
Fuerzäit | 29 min |
mëttel Vitess | 21,54 km/h |
Se fiert zanter dem 15. Juli 2023 de Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Gaasperech an Zéisseng.
D'Linn CN2 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 25 Halten a brauch 29 Minutte fir eng Faart.
Halten op der Linn CN2
änneren(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn CN2
änneren- vu September 1999 bis den 2. November 2019: Stad - Lampertsbierg - Belair - Märel - Stad; bis de 24. November 2004 ass d'Linn ënnert dem Numm Late Night Bus 2 gefuer.
- vum 3. November 2019 bis de 14. Juli 2023: Stad - Bouneweg - Gaasperech - Zéisseng - Stad
Um Spaweck
ännerenCommons: AVL-CN2 – Biller, Videoen oder Audiodateien |