AVL-Linn 22

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 22 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Cloche d'or, P+R Stade de Luxembourg - Gare - Stad - Areler Strooss - Stroossen, Primeurs an zeréck.

AVL-Linn 22
E Bus vun der Linn 22 fiert an d'Arsenalstrooss eran (Mäerz 2017).
Cloche d'Or - Stroossen
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Stroossen, Primeurs 49°37'11,6256"N, 6°5'38,0461"O
op Cloche d'Or, P+R Stade de Luxembourg 49°34'35,58"N, 6°6'34,42"O
iwwer Stroossen, Belair, Uewerstad, Garer Quartier, Bouneweg-Süd, Gaasperech
Bustyp Gelenkbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 9.050 m, 8.910 m
Fuerzäit 33 min, 32 min
mëttel Vitess 16,45 km/h, 16,71 km/h

D'Linn 22 huet 17 Halten um Aller an der 18 um Retour. Se fiert vu méindes bis freides all 10 Minutten, samschdes a sonndes fiert se net.

Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stroossen fiert d'Linn 22 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis an d'Rue des Primeurs zu Stroossen; se zielt net zu de Linnen, déi vum Mobilitéitsministère subventionéiert ginn.

Halten op der Linn 22 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 21 Bemierkung
  P+R Stade de Luxembourg  ; gemeinsamen Terminus mat der Linn 5
  Stade de Luxembourg  
  Schaarfen Eck
  Émile Bian
  Leonardo Da Vinci
  Hildegard von Bingen
  Francophonie
  Gare Rocade     Gare Lëtzebuerg
  Wallis
  F. D. Roosevelt
  Hamilius  
  Wampach
  Stäreplaz / Étoile  
  Nicolas Simmer
  Rue d'Ostende  
  Wandmillen
  Kannerklinick / Maternité
  Strassen, Primeurs

Entwécklung vun der Linn 22 änneren

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • virun 2003: et gouf keng Linn mat der Nummer 22
  • 2003 - 2008: P+R Bouillon - Gare - Stad an zeréck
  • 2008 - 31.05.2015: P+R Lëtzebuerg-Süd - Gare - Stad - Centre Hospitalier - Stroossen, Primeurs
  • 01.06.2015 - 18.02.2018: Gare - Stad - Centre Hospitalier - Stroossen, Primeurs
  • 19.02.2018 - 14.10.2018: P+R Lëtzebuerg-Süd - Gare - Stad - Areler Strooss - Stroossen, Primeurs

Mat der Ouverture vum Lycée Vauban gouf den Trajet am Februar 2018 vun der Gare bis op de P+R Lëtzebuerg-Süd verlängert, fir eng nei Halt beim Campus francophone unzefueren[1].

  • 14.10.2018 - 12.12.2020: Cloche d'or, Guillaume Kroll - Gare - Stad - Areler Strooss - Stroossen, Primeurs

Am Oktober 2018 gouf den Terminus vum P+R Lëtzebuerg-Süd op d'Cloche d'or verluecht. Vum selwechten Datum u gouf och, am Kader vum Tramsschantjen, d'Streck an der Uewerstad ugepasst: d'Linn 22 ass vun do un a Richtung Cloche d'or net méi duerch d'Arsenalstrooss, ma iwwer d'Montereysavenue gefuer.

Wéinst dem Tramsschantje am Garer Quartier ass den Trajet tëscht der Gare an der Uewerstad den 3. November 2019 iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt geluecht ginn amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[2].

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 22 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Rita Ruppert, „Mit dem Bus zur Schule“, am Luxemburger Wort vum 17. Februar 2018, S. 27
  2. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019