Gare centrale (Tramshalt)
Gare centrale ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 13. Dezember 2020 opgaangen ass.
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
genannt no | Gare Lëtzebuerg |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Garer Quartier |
Koordinaten | 49°35'58,99"N, 6°7'59,99"O, 49°35'59,78"N, 6°8'0,64"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Paräisser Plaz / Place de Paris, Leschte Steiwer / Dernier Sol |
Lag vun der Statioun änneren
D'Statioun läit op der Place de la Gare am Quartier Gare vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Paräisser Plaz / Place de Paris am Norden a Leschte Steiwer / Dernier Sol am Süden.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel Aéroport[1] | Paräisser Plaz / Place de Paris | Gare centrale | Leschte Steiwer / Dernier Sol | Stadion[1] |
D'Statioun läit direkt bei der Gare Lëtzebuerg, no där s'och genannt ass.
Infrastruktur änneren
D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen an eng Vel'oH!-Statioun. Et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halten: Gare centrale a Gare-Rocade) grad ewéi op national an international Zuchlinnen.
Biller änneren
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend änneren
-
de Buer vum 30. Joresdag vum Traité vu Roum
Um Spaweck änneren
Commons: Gare centrale (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023