Theater (Tramshalt)
Statioun vum Stater Tram
Theater ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 27. Juli 2018 opgaangen ass.
![]() | |
ass eng | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 27. Juli 2018 |
genannt no | Grand théâtre de la ville de Luxembourg |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lampertsbierg, Uewerstad |
Koordinaten | 49°37'4,08"N, 6°7'31,01"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Streck(en) | Luxtram-Linn T1 |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Passagéier/Joer | 1.744.399 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Rout Bréck - Pafendall, Faïencerie |
![]() |
Lag vun der Statioun
ännerenD'Statioun läit an der Rue des Glacis am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Rout Bréck - Pafendall am Osten a Faïencerie am Westen.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel - Luxembourg Airport | Rout Bréck - Pafendall | Theater | Faïencerie | Stadion |
D'Statioun läit direkt beim Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg, no deem se och genannt ass.
Infrastruktur
ännerenD'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel. Bei der Statioun gëtt et ëffentlech Toiletten, eng Vel'oH!-Statioun beim Rond-point Schuman an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Theater).
Biller
änneren- D'Tramshalt
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
änneren-
de Stater Park
-
d'Schueberfouer um Glacis (Enn August, uganks September)
Um Spaweck
ännerenCommons: Theater (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen op dëser Statioun: