Jean-Pierre-Büchler-Bréck
D'Jean-Pierre-Büchler-Bréck ass eng Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi iwwer d'Eisebunnslinnen ewech vun der Garer Plaz bis op Bouneweg, an d'Diddenuewener Strooss, féiert. Se mécht d'Grenz tëscht de Quartiere Gare, Bouneweg-Süd a Gaasperech.
| |
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Bouneweg |
Koordinaten |
49° 35’ 44.64’’ N 06° 07’ 56.09’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck / N3 |
Féiert iwwer |
CFL-Linn 6 CFL-Linn 5 CFL-Linn 4 |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Dunnebréck |
Totallängt | 98 m |
Felder/Béi | 3 + 1 an der Opfaart |
Breet | 24 m |
Material | arméierte Bëtong / Stol |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1994 |
Renovéiert | 2019-2021 |
D'Bréck ass nom CSV-Politiker Jean-Pierre Büchler genannt ginn.
Beschreiwung
ännerenD'Bréck war wéi se 1994 a Betrib geholl gouf, 98 Meter laang a 24 Meter breet. Si huet eng al Bréck vun 1927 ersat.
Verbreedung
änneren2019 hunn d'Aarbechten ugefaangen, fir d'Bréck bal duebel sou breet ze maachen: se gouf op sechs Spuere fir de motoriséierte Verkéier ausgebaut, et koume Vëlosweeër op den zwou Säite bäi, an d'Linn T1 vum Stater Tram fiert säit September 2022 driwwer[1].
Fir d'éischt gouf op der Südsäit den Tablier ewechgemaach an duerch en neien aus Cortenstol ersat.[2] Wéi dee bis fäerdeg war, hunn am Summer 2020 d'Aarbechten op der Nordsäit ugefaangen. Am Mäerz-Abrëll 2021 goufen op dräi Weekender dräi Träger-Elementer fir den neien nërdlech Tablier, déi 70 Tonne schwéier sinn, op hire Sockel gesat a mam Rescht vun der Bréck verbonnen.[3] Uganks November 2021 konnten d'Tramsgleiser verluecht ginn.[4]
De 25. September 2023 ass schlussendlech d'Verbindung fir d'Foussgänger a Cyclisten tëscht der Bréck an dem Millewee zu Gaasperech opgaangen. Dës Verbindung war am Januar 2019 wéinst de Bauaarbechten ofgerappt ginn, hätt awer solle fir Enn 2021 nees hiergestallt sinn[5][6].
Biller
änneren-
Molaarbechten op der Bréck am Kader vum geplangten Ëmbau
-
Duerchfaart ënnert der Bréck
-
Fréiere Fouss- a Vëloswee fir op Gaasperech
-
Verbreedung 2019/2020. Pose vun de Verbindungsdunne vum neien Tablier op der Nordsäit
Januar 2022
änneren-
D'Fuerbunn op der Südsäit.
-
D'Tramsschinnen an…
-
den Trëttoir op der Nordsäit.
Aug.-Sept 2022
ännerenSeptember 2023
änneren-
De Fouss- a Vëloswee vum Millewee op d'Buchler-Bréck
-
vun der Buchler-Bréck aus gekuckt
D'Bréck vun 1927
änneren
D'Bréck ëm 1935 | |
Koordinaten | 49°35'44,64"N, 6°7'56,09"O |
---|---|
Funktioun | |
Benotzt als |
Stroossebréck / N3 Eisebunnsbréck / Jangli Lëtzebuerg-Réimech |
Fuerspueren | 2 |
Gleiser | 1 |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Boubréck |
Totallängt | 120 |
Felder/Béi | 3 + 1 an der Opfaart |
Breet | ± 15 m |
Material | arméierte Bëtong |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1927 |
Ofgerappt | 1993 |
No villen Diskussiounen a verworfene Pläng fir d'Vergréisserung an den Ëmbau vun der Gare koum 1910 e Projet op den Dësch dee sollt 25 Joer méi spéit ëmgesat ginn. Eng vun den Ursaache war den Éischte Weltkrich bei deem franséisch Fligerugrëff vill Schued an der Gare an an de Quartiere rondrëm gemaach haten. Wéi am Dezember 1918 d'Elsass-Loutrengesch Eisebunnsgesellschaft de Betribsdéngscht vun de Wëllemsstrécken iwwerholl huet, ass well bis 1925 nach ëmmer no engem neie Concessionaire fir d'Strecke gesicht gouf, net vill geschitt. Eréischt wéi e Kontrakt Enn 1925 mat de Fransousen opgestallt gi war gouf mat den Aarbechten ugefaangen. Du konnt d'Bréck op der Diddenuewener Strooss déi an d'Plaz vun der zerstéierter Ënnerféierung koum, gebaut ginn. Déi ronn 120 m laang Bréck gouf am Eisebëtong gebaut. Et war eng Bréck mat dräi Felder an all Feld gouf vun dräi Béi gedroen déi ënnerenee vestrieft waren. D'Strooss fir d'Autoe war 7,50 m breet, op der Südsäit huet en 3 m breeden Trottoir ugeschloss. An der Mëtt vun der Strooss goufen d'Tramsschinne fir déi geplangt Bouneweger Tramsstreck geluecht[7] an op der Nordsäit louchen - getrennt vun der Strooss - d'Gleiser vum Jangli.
Bei de Bombardementer am Mee an am September 1944 gouf d'Bréck op der Nordsäit beschiedegt, sou datt de Jangli net méi konnt fueren. Dofir huet d'CFL fir d'Zäit vun der Reparatur d'Gleis vum Tram benotzt[7], fir datt d'Stréck op Réimech konnt weider funktionéieren. Mat der Renovatioun vun der Bréck am Joer 1955, goufen d'Tramsschinnen erausgerappt[7].
-
1981
Um Spaweck
ännerenCommons: Jean-Pierre-Büchler-Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- d'Büchler-Bréck op der Websäit von de Ponts & Chaussées
Referenzen an Notten
änneren- ↑ "Tramreseau: Ausbau vu Buchler Bréck." op 100komma7.lu, 16. Jan 2019 - 12:00.
- ↑ Nadine Schartz: "Brückenschlag in der Hauptstadt." wort.lu, 11.06.2019.
- ↑ "Wenn 70 Tonnen Stahl fliegen lernen." wort.lu, 22-03-2021.
- ↑ "Pont Buchler: Verlängerung des Tramnetzes schreitet voran." wort.lu, 13.11.2021.
- ↑ sou ze liesen um Schëld dat Ponts et Chaussées opgestallt hat
- ↑ (fr)Inauguration de la rampe Mühlenweg pour cyclistes et piétons sur le pont Jean-Pierre Buchler. https://gouvernement.lu/+(25.09.2023).+Gekuckt de(n) 25.09.2023.
- ↑ 7,0 7,1 7,2 Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L. : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 54