Stadion vu Lëtzebuerg
De Stadion vu Lëtzebuerg (fr: Stade de Luxembourg)[1] ass e Sportstadion haaptsächlech fir Foussball a Rugby, dee vun 2017 bis 2021 tëscht der Cloche d'or an der Kockelscheier gebaut ginn ass[2]. E gouf de 25. September 2021 a Presenz vum Groussherzog offiziell ageweit.[3]
![]() De Stadion am Februar 2021 | |
Koordinaten |
49° 34’ 37.7’’ N 6° 06’ 56.63’’ O |
---|---|
Kapazitéit | |
Total |
9.471 (Rugby a Foussball) 15.000 (Concerten) |
Sëtzplazen | 9.385 (gedeckt) |
Dimensiounen | 105 × 68 |
Ënnergrond | Hybridwuess |

GeschichtÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
...
Am Fong hätt de Bau vum Stadioun scho sollen 2019 fäerdeg sinn; am Abrëll 2019 gouf de Mee 2020 als Ofschlossdatum ugekënnegt[4], ma wéinst Retarden an dem Baustopp am Kader vun der COVID-19-Pandemie gouf och deen Delai iwwerschratt, soudatt déi geplangt Ouverture am September/Oktober 2020 op de Mäerz 2021 geréckelt gouf[5].
En éischten „Testmatch” war de 14. Juli 2021, iwwerdeems den éischten offizielle Foussballsmatch den 1. September 2021 war, wéi d'lëtzebuergesch Nationalekipp géint den Aserbaidschan gespillt huet a Lëtzebuerg dëse Match 2:1 gewonnen huet. De Mica Pinto huet an der 8. Minutt den 1. Gol am neie Stadion geschoss[6]. Den éischte Match virun ausverkaaftem Stadion mat 9628 Zuschauer war de 14. November 2021. An dësem Match verléiert Lëtzebuerg géint Irland mat 0:3.[7]
Allgemeng DonnéeënÄnneren
En huet 9.471 iwwerdeckt Sëtzplazen[8]. Ronderëm, an en dräistäckegt Gebai integréiert, si VIP-Kabinnen, Iesskiosken, e Businessclub mat Kichen, Raim fir d'Press, an d'Vestiairen. Baussen ass de Stadion mat metallene Rauten agekleet, déi ënnerschiddlech beliicht kënne ginn. Architekte sinn d'Büroe GMP Architekten (Däitschland) a BENG Architectes (Lëtzebuerg)[2].
De Stadion gouf no den Norme vun der FIFA/UEFA (wou en als Stadion vun der Kategorie 4 (Elitestadion) klasséiert ass) an deene vum World Rugby konzipéiert[2].
De Käschtepunkt war ufanks op 6,1 Millioune fir d'Zougänglechmaache vum Terrain an 60,358 Millioune fir de Bau vum Stadion selwer virgesinn. De Sportsministère iwwerhëlt 70% vun de Käschten. De Rescht ass fir d'Stad Lëtzebuerg (déi ausserdeem all d'Käschten (eng 792.000 Euro) fir d'Parkplaz niewendrun iwwerhëlt)[2]. Am Juli 2019 ass bekannt ginn, datt de Budget ëm 18 Milliounen op elo ronn 80 Milliounen Euro klamme géif. Déi zousätzlech Käschte wieren engersäits op Feeler vum Bureau d'études an anersäits op nei Ufuerderunge vun der Police (fir e Video-Iwwerwaachungssystem) a vun der UEFA zréckzeféieren[9].
Nodeem de Stadion a Betrib ass, soll de Stade Josy-Barthel, dee bis ewell fir international Foussballmatcher benotzt gouf, ofgerappt ginn. 2023 soll d'Linn 1 vum Stater Tram, mat hirem Terminus Stadion, bis bei de Stadion vu Lëtzebuerg ausgebaut sinn.
BillerÄnneren
Den éischten offizielle Match den 1. September 2021Änneren
… am Dezember 2018Änneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Stadion vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Presentatioun vum Stadion (Video) op der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg
- Websäit vum Stadion (fr) (de) (en)
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Neues Stadion heißt Stade de Luxembourg." wort.lu, 16. Juli 2020.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 "Nouveau stade national de football et de rugby." Pressecommuniqué vun der Stad Lëtzebuerg an dem Sportsministère op gouvernement.lu, 2018-06-06.
- ↑ Feierlech Aweiung a Presenz vum Grand-Duc, rtl.lu, 26. 09. 2021
- ↑ "1. Mee 2020 soll Bau fäerdeg sinn, sou Lydie Polfer." rtl.lu, 03.04.2019 17:37.
- ↑ L'essentiel 2020-wird-nicht-gespielt-im-neuen-nationalstadion
- ↑ Lëtzebuerg wënnt mat 2:1 géint den Aserbaidjan. Gekuckt de(n) 1. September 2021.
- ↑ Lëtzebuerg verléiert géint Irland, rtl.lu, 14. November 2021
- ↑ (fr)Découvrez le stade. Stade de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2021-08-16.
- ↑ Projet gëtt 18 Millioune méi deier wéi geplangt op rtl.lu den 8. Juli 2019