Autobunn A3 (Lëtzebuerg)
A3 - Diddelenger Autobunn | |||
Zeechen | N° | Verdeeler | km[1] |
Lëtzebuerg (Rond-point Gluck) | 0,0 | ||
1 | Hesper/Houwald | ||
A1 / A6 Gaasperecher Kräiz | 1,158 | ||
Aire de Berchem | 5,387 | ||
2 | Léiweng/Beetebuerg | 6,610 | |
A13 Beetebuerger Kräiz | 10,611 | ||
3 | Diddeleng (nëmmen aus an a Richtung Lëtzebuerg Stad) |
11,949 | |
Uschloss un d'franséisch A31 | 13,288 |
D'Autobunn A3, och Diddelenger Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Se geet vum Rond-point Gluck an der Stad Lëtzebuerg no Süde bis bei d'franséisch Grenz, wou se um Territoire vun der Gemeng Zoufftgen un d'franséisch A31 ugeschloss ass.
Se ass eng wichteg Verbindung tëscht dem Autobunnsnetz vum Benelux an deem vu Westdäitschland op der enger Säit, deem aus Frankräich op der anerer.
Et gëtt 3 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 2 Autobunnskräizer an eng Plaz fir ze raschten.
Um Gaasperecher Kräiz kräizt d'A3 sech mat der A1/A6. Duerno kënnt geschwënn d'Aire de Berchem, déi gréisst Bensinnsstatioun vun Europa. E bësse méi südlech kräizt d'A3 um Beetebuerger Kräiz d'A13, déi no Osten hin Saarautobunn genannt gëtt, no Westen hin Collectrice du Sud.
D'Autobunn gouf tëscht 1978 (Lëtzebuerg - Ausfaart Diddeleng) an 1981 (Ausfaart Diddeleng - franséisch Grenz) a Betrib geholl.
D'A3 ass en Deel vun der E25, mat Ausnam vun deem Stéck vum Gaasperecher Kräiz bis un de Rond-point Gluck.
Se huet eng Längt vun 13,3 km.
Ausbaupläng
ännerenAm November 2014 goufe Pläng virgestallt, d'A3 op béide Säite vun 2 op 3 Spueren auszebauen. Fir d'éischt kéim 2015 den Tracé vum Gaasperecher Kräiz bis bei d'Aire de Berchem drun, duerno, vun 2017 un, d'Streck vum Beetebuerger Kräiz bis un d'franséisch Grenz, dann, 2019, d'Stéck tëscht der Aire de Berchem an dem Beetebuerger Kräiz, an 2020 d'Beetebuerger Kräiz selwer[2].
Am Abrëll 2017 goufen déi Pläng (wann och net mat deenen Datumen) am Regierungsrot guttgeheescht. D'Finanzéierungsgesetz fir e Montant vun 356 Milliounen Euro gouf de 14. Dezember 2017 ugeholl[3].
Zousätzlech zum Ausbau sollen d'Echangeure vu Léiweng a vun Diddeleng komplett reamenagéiert ginn, an et kéim zu gréissere Changementer um Beetebuerger Kräiz[4]. Am Februar 2019 sot den Transportminister François Bausch als Äntwert op eng parlamentaresch Fro, d'Aarbechte géifen 2020 ufänken[5].
Am Dezember 2020 huet den Transportminister follgende Kalenner fir d'Aarbechte genannt[6]:
Deel | Streck | Ufank vun den Aarbechten |
---|---|---|
A | Gaasperecher Kräiz - Ausfaart Léiweng | Mëtt 2021 |
B | Ausfaart Léiweng - Bréck Léiweng | |
C | Ausfaart Léiweng - Beetebuerger Kräiz | nom Deel B |
D | Reamenagement Beetebuerger Kräiz | lescht Etapp |
E | Beetebuerger Kräiz - franséisch Grenz | nom Deel C |
mat enger Wëldbréck | Mëtt 2021 |
Um Spaweck
ännerenCommons: A3 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ (fr)A3 - Autoroute de Dudelange. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-01.
- ↑ "Ausbau vun der A3 a vun der A4." (Video) op rtl.lu, Leschten Update: 11.11.2014, 07:04:54.
- ↑ Loi du 15 décembre 2017 relative à la mise à 2 x 3 voies de l'autoroute A3. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-01.
- ↑ "Diddelenger Autobunn gëtt dräispuereg ausgebaut." rtl.lu, 06.04.2017, 17:07:39.
- ↑ "François Bausch: D'Aarbechte wäerten d'nächst Joer ufänken." rtl.lu, 14.02.2019, 11:29:57.
- ↑ (fr)Question parlementaire n° 3163 - Sujet: Avancement des projets de modernisation de l'autoroute A3 et de la gare de Bettembourg. chd.lu (15.12.2020). Gekuckt de(n) 01.01.2021.