Place de Metz (Tramshalt)

Statioun vum Stater Tram

Place de Metz ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 13. Dezember 2020 opgaangen ass.

Place de Metz
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 13. Dezember 2020
genannt no Place de Metz
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Garer Quartier
Koordinaten 49°36'24,19"N, 6°7'42,42"O, 49°36'25,24"N, 6°7'41,77"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Hamilius,
Paräisser Plaz / Place de Paris

Lag vun der Statioun änneren

D'Statioun läit um nërdleche Wupp vun der Neier Avenue am Quartier Gare vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Hamilius am Norden a Paräisser Plaz / Place de Paris am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel Aéroport[1] Hamilius Place de Metz Paräisser Plaz / Place de Paris Stadion[1]

D'Statioun läit direkt bei der Metzer Plaz, no där s'och genannt ass.

Infrastruktur änneren

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Et ass déi eenzeg Statioun, déi net mat Tramshaisercher ausstafféiert ass an do dernieft ass den Numm vun der Statioun net op de Quaien ugeschloen.

Biller änneren

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Place de Metz (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023