AVL-Linn 31

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 31 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Stroossen, Oricher-Hoehl - Reckendall - Rollengergronn - Stad an zeréck.

AVL-Linn 31
D'Linn 31 op enger Deviatiounsstreck an der Areler Strooss (Januar 2023)
Reckendall - Uewerstad
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Stroossen, Oricher-Hoehl 49°37'17,7496"N, 6°4'51,5654"O
op Uewerstad, Badanstalt 49°36'48,6436"N, 6°7'44,0119"O
iwwer Stroossen, Rollengergronn/Belair-Nord, Uewerstad
Bustyp Standardbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 6.896 m, 5.937 m
Fuerzäit 24 min, 19 min
mëttel Vitess 17,24 km/h, 18,75 km/h

Wéinst engem Schantjen am Reckendall vun September 2022 bis viraussiichtlech Oktober 2024 fiert d'Linn 31 op engem geännerten Trajet, Terminus ass Reckenthal, Gäertnerei.

Duerch eng Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Lëtzebuerg mat der Gemeng Stroossen fiert d'Linn 31 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis op d'Halt Oricher-Hoehl an der Nopeschgemeng; se zielt net zu de Linnen, déi vum Mobilitéitsministère subventionéiert ginn.

Halten op der Linn 31 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 31 Bemierkung
  Strassen, Oricher-Hoehl
  Strassen, Cité Pescher
  Strassen, Schafsstrachen
  Reckenthal, Gäertnerei
  Strassen, Steekaul
  Strassen, Stand de Tir
  Roudebierg
  Val St André
  Val Fleuri
  Beim Klomp
  Bei der Fiels
  Biischtefabrick
  Stäreplaz / Étoile  
  Wampach
  Monterey  
  Cathédrale
  Gruef
  Kasinosgaass
  Hamilius  
  Badanstalt

Entwécklung vun der Linn 31 änneren

  • virun 2015: et gouf keng Linn mat der Nummer 31
  • 01.05.2015 - 14.10.2018: Houwald/C.I.P.A. - Bouneweg - Verluerekascht - Gare - Stad - Rollengergronn - Reckendall - Stroossen, Oricher-Hoehl
  • 15.10.2018 - 12.12.2020: Gare - Stad - Rollengergronn - Reckendall - Stroossen, Oricher-Hoehl an zeréck.

Déi Streck war aus der fréierer Linn 31 entstanen, déi an zwéin Deeler opgespléckt gouf. Déi nei Linn 31 ass dunn nees op Deeler vun aler Linn J1 gefuer, déi bis de Mee 2015 bestanen huet.

Wéinst dem Tramsschantjen ass d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad vum 3. November 2019 un iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck ëmgeleet ginn[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 31 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019