Lycée technique de Bonnevoie

Secondaires– an Héichschoul an der Stad Lëtzebuerg

De Lycée technique de Bonnevoie, kuerz LTB, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaires– an Héichschoul an der Stad Lëtzebuerg, déi am Quartier Bouneweg-Süd läit.

Lycée technique de Bonnevoie
Luxembourg, Lycée technique de Bonnevoie (102).jpg
D'Entrée vum LTB (2022)
(LTB)
Typ Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul
Regimm General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur
Land Lëtzebuerg
Adress 119 Rue du Cimetière, L-1338 Lëtzebuerg
Leedung Carole Theisen
Schülerzuel 1.291
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère fir Héichschoul a Fuerschung
Gegrënnt 2 Dezember 1983
Genannt no Bouneweg
Um Spaweck http://www.ltb.lu/
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Vue op de Lycée (2008)

HistoriqueÄnneren

Den 19. Dezember 1953 ass d'Gesetz iwwer d'Beruffsausbildung a Kraaft getrueden[1]. Op Basis vun deem Gesetz ass mam Arrêté ministériel vum 5. Mäerz 1975 um Verluerekascht an der Stad eng Annexe vum Centre d'enseignement professionnel de Luxembourg, der Stater Beruffsschoul, an d'Liewe geruff ginn[2]. Dës Annexe gouf an de Gebaier (Villa Hartmann) vun der Asbl Institut Sainte-Marie – tëscht der Rue Émile-Mayrisch an dem Boulevard Général Patton – installéiert. D'Haushaltsschoul (École professionnelle et ménagère Ste-Marie) déi bis dohin do bestanen huet, gouf an d'Annexe vun der Beruffsschoul integréiert[3]. 398 Schüler an 48 Léierpersoune waren uganks an der Annexe[3]. De Lëtzebuerger Staat hat d'Gebaier am Ufank gelount, huet se awer duerno kaaft, deelweis ëmgeännert an erweidert.

Iwwer d'Joren huet sech erausgestallt, datt déi Infrastrukturen net adaptéiert waren, fir eng ëmmer méi grouss Zuel vu Schüler ënnerzekréien.

Duerch e Gesetz vum 2. Dezember 1983 gouf e fënneften technesche Lycée um Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg an d'Liewe geruff[4], dee mam groussherzogleche Reglement vum 15. Februar 1984 den Numm « Lycée technique de Bonnevoie » krut[5].

D'Regierung krut duerch d'Gesetz vum 22. Juni 1984 d'Erlabnes fir en technesche Lycée zu Bouneweg ze bauen[6]. D'Pläng, déi an engem Concours zeréckgehale goufen, waren déi vum Atelier a + u (Edmond Decker, Martin Lammar, René Massard)[7].

D'Gebai huet 40 Klassesäll, plus aacht fir spezialiséiert Coursen (Daktylographie, Physik, Biologie, Informatik), eng Dosen Atelieren fir déi praktesch Ausbildung (Mechanik, Elektrotechnik, Bitzen, Kachen, e Restaurant, eng Bäckerei an eng Metzlerei, souwéi eng Sportshal[7].

Mat der Rentrée 1989/90 hunn d'Coursen am Gebai an der Kierfechtstrooss ugefaangen[8]. Den …[Wéini ?] 1989 gouf d'Gebai, dat 1,015 Milliarde Lëtzebuerger Frang kascht huet, ageweit.

Virum Gebai gouf eng Monumentalskulptur vum Jeannot Bewing, YBGA genannt, installéiert[9].

FormatiounenÄnneren

Am LTB kann ee follgend Formatioune maachen:

Enseignement généralÄnneren

  • Ënnescht Klassen: Classes de la voie d'orientation (7G, 6G, 5G, 5AD), Classes de la voie de préparation (7P, 6P, 5P, CIP), Classe d'accueil (7ACCU), Classe d'intégration pour jeunes adultes (CLIJAA)
  • Iewescht Klassen: Section administrative et commerciale, Section ingénierie, Section sciences sociales

Enseignement généralÄnneren

Diplôme de technicien (DT), Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP), Certificat de capacité professionnelle (CCP)

BTSÄnneren

Dessinateur et constructeur sur métal

DirekterenÄnneren

  • Fred Sunnen
  • Jean-Pierre Juttel (bis 2007)
  • Jean-Marie Wirtgen (vun 2007 bis September 2017)
  • Carole Theisen (zanter dem 10. November 2017)

Sous-DirekterenÄnneren

fréierÄnneren

  • Jean-Marie Wirtgen
  • Georges Beck
  • Eugène Thill
  • Marc Bonvini
  • Carole Theisen (2012-2017)

aktuellÄnneren

  • Tessy Petro (zanter 2014)
  • Géraldine Haller (zanter 2015)
  • Pascale Strauss (zanter 2017)
  • Tom Raths (zanter Januar 2018)

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Loi du 1er décembre 1953 portant création de centres d'enseignement professionnel pour les apprentis de l'artisanat, du commerce et de l'industrie. legilux.lu (01.12.1953). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  2. Arrêté ministériel du 5 mars 1975 portant création d'une annexe du Centre d'enseignement professionnel de Luxembourg à Luxembourg-Verlorenkost. legilux.lu (05.03.1975). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  3. 3,0 3,1 Luxemburger Wort, 128. Jg., n° 226, S. 7, Integration der ,Haushaltungsschule’ Verlorenkost in den staatlichen Berufsunterricht. eluxemburgensia.lu (02.10.1975). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  4. Loi du 2 décembre 1983 portant création d'un cinquième lycée technique à Luxembourg. legilux.lu (02.12.1983). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  5. Règlement grand-ducal du 15 février 1984 octroyant une dénomination particulière au cinquième lycée technique de Luxembourg. legilux.lu (15.02.1984). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  6. Loi du 22 juin 1984 autorisant le Gouvernement à procéder à la construction d'un lycée technique à Bonnevoie, y compris les équipements techniques, didactiques et mobiliers ainsi que l'aménagement des alentours. legilux.lu (22.06.1984). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  7. 7,0 7,1 Centenaire. Administration des bâtiments publics Luxembourg [sous la direction de Jean Leyder]. Luxembourg 10.2010, S.140-141. ISBN 978-99959-680-0-7.
  8. Avis de presse. d'Letzeburger Land, 36. Jg., nº 24, S. 28. (16.06.1989). Gekuckt de(n) 02.10.2022.
  9. Sculpture de Jeannot Bewing devant le Lycée technique de Bonnevoie.. d'Letzeburger Land, 38. Jg., nº 44, S. 11 (31.10.1991). Gekuckt de(n) 02.10.2022.