Rout Bréck - Pafendall (Tramshalt)

Statioun vum Stater Tram

Rout Bréck - Pafendall ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.

Rout Bréck - Pafendall
Standuert vun der Statioun
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 10. Dezember 2017
genannt no Pont grande-duchesse Charlotte, Pafendall
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Kierchbierg
Koordinaten 49°37'7,25"N, 6°8'11,04"O, 49°37'7,39"N, 6°8'13,81"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Philharmonie / Mudam,
Theater

Lag vun der Statioun änneren

D'Statioun läit um westleche Wupp vun der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Philharmonie - Mudam am Osten an Theater am Westen.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel Aéroport[1] Philharmonie - Mudam Rout Bréck - Pafendall Theater Stadion[1]

D'Statioun ass no der Rouder Bréck bei där se läit an dem Nopeschquartier Pafendall, wou ee mam Funiculaire hifuere kann, genannt.

Infrastruktur änneren

D'Statioun huet 2 Gleiser mat engem zentrale Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen, eng Vel'oH!-Statioun an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Rout Bréck - Pafendall). Mam Funiculaire kënnt een an d'CFL-Gare Pafendall-Kierchbierg (Uschloss op d'CFL-Nordstreck).[2]

Biller änneren

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rout Bréck - Pafendall (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023
  2. Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23.