RGTR-Linn 201

primär regional Buslinn vum RGTR

D'RGTR-Linn 201 ass eng regional Buslinnen déi am Kader vum RGTR am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten um Trajet Lëtzebuerg - Jonglënster - Iechternach fiert. D'Linn 201 ass eng Expresslinn a fiert vu Jonglënster aus iwwert den direkte Wee, iwwerdeems d'Linn 211 iwwer Konsdref a Bäerdref fiert.

RGTR-Linn 201
Lëtzebuerg - Iechternach
Bedreiwer Régime général des transports routiers
vu(n) LUX Limpertsberg, Theater 49°37'3"N, 6°7'32"O
op ECHTERNACH, Gare Centre 49°48'37"N, 6°25'2"O
iwwer Lëtzebuerg, Gonnereng, Jonglënster, Altréier, Wuelper, Scheedgen, Iechternach
Bustyp Standardbus, Hybrid Elektrobus
opgaang 7. Juli 2024
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Fuerzäit 50 min, 44 min

Béid Linne fueren an der Woch all Stonn an d'Departen si versat, sou datt ongeféier all hallef Stonn e Bus an der Stad a Richtung Iechternach fort fiert. An de Spëtzestonne gëtt et nach zousätzlech Faarten.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: RGTR-Linn 211.

Halten op der Linn

änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Halten Bemierkung
  LUX Limpertsberg, Theater  
  LUX Kirchberg, Rout Bréck-Pafendall      
  LUX Kirchberg, Gare Luxexpo Quai 4  
  GONDERANGE, Am Duerf
  GONDERANGE, Mierchen
  JUNGLINSTER, Op der Fréinen
  JUNGLINSTER, Op der Gare   Verschidde Faarten hunn Uschloss op d'Linn 261
  JUNGLINSTER, P&R  
  ALTRIER, Heeschbregerwee
  WOLPER, Wolpert
  SCHEIDGEN, Mechelshaff
  ECHTERNACH, Nonnemillen
  ECHTERNACH, Centre de secours
  ECHTERNACH, Charly's Halt
  ECHTERNACH, Gare Centre 1 Deelweis Uschloss op d'Linn 190

Entwécklung vun der Linn

änneren
  • Virum 17. Juli 2022 ass se als Linn 110 gefuer.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: RGTR-Linn 201 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren

All d'Informatioune bezéie sech op de Fuerplang vum 7. Juli 2024