AVL-Linn 29

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 29 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 12. Mäerz 2023 um Trajet Hesper, Cité Um Schlass - Houwald / ZAC - P+R Lëtzebuerg-Süd - Bouneweg - Gare - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Sennengerbierg, Charlys Statioun an zeréck.

AVL-Linn 29
E Bus vun der Linn 29 an der Diddenuewener Strooss
Hesper - Sennengerbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Hesper, Cité Um Schlass 49°34'23,0527"N, 6°8'38,0144"O
op Sennengerbierg, Charlys Statioun 49°38'59,1360"N, 6°13'33,7609"O
Bustyp Gelenkbus
opgaang 12. Mäerz 2023
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 15.336 m, 16.122 m
Fuerzäit 40 min, 41 min
mëttel Vitess 23,00 km/h, 23,59 km/h

D'Linn 29 huet 30 Halten um Aller an der 29 um Retour. Se fiert vu méindes bis freides all 15 (an de Spëtzestonnen all 10) Minutten. De Weekend fiert se all 20 Minutten.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 29 zum „service coordonné AVL/RGTR“.

Halten op der Linn 29 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 29 Bemierkung
  Hesperange, Cité um Schlass
  Op der Stirzel
  Howald, Ronnebësch   Gare Houwald
  Howald, P+R Lux-Sud  
  Gerhard Mercator
  Francophonie
  Lycée Bouneweg / PE  
  Lycée Bouneweg / PE Quai 7 zanter dem 15. Juli 2023
  Hippodrome
  Dernier Sol  
  Gare Centrale     Gare Lëtzebuerg
  Al Avenue
  Wallis
  Al Molkerei
  Général Patton
  Pulvermuhl, Hammer Dällchen
  Cents-Hamm, Halte CFL   Gare Zens-Hamm
  Robert Bruch
  Trèves
  Carmel
  Camille Polfer
  Cents, Waassertuerm
  Findel, Reno
  Findel, Business Center
  Findel, Gréiwelscheierhaff
  Findel
  Senningerberg, Lou Hemmer
  Aéroport  
  Senningerberg, Autobunn
  Senningerberg, rue du Golf
  Senningerberg, Charlys Statioun

Entwécklung vun der Linn 29 änneren

  • virun 2015: et gouf keng Linn mat der Nummer 29
  • Juni 2015 - Januar 2017: P+R Lëtzebuerg-Süd - Gare - Polvermillen - Fluchhafen - Cargo Center
  • 31.01.2017 - 14.10.2018: P+R Lëtzebuerg-Süd - Houwald - Bouneweg - Gare - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Cargo Center. Den 10. Dezember 2017 war den Trajet liicht ugepasst ginn an d'Linn 29 ass vun dunn un iwwer d'Rocade de Bonnevoie amplaz iwwer d'Garer Plaz gefuer.
  • 15.10.2018 - 02.11.2019: Cloche d'or - P+R Lëtzebuerg-Süd - Houwald - Bouneweg - Gare-Rocade - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Sennengerbierg - (Cargo Center). Verschidde Faarte si bis op den Terminus beim Cargo Center gefuer. Deen Deel gouf du vum November 2019 u vun der deemoleger RGTR-Linn 122 iwwerholl. Sonndes goufen d'Faarten am Süden nëmme bis op Bouneweg gefuer (Terminus beim L.T. de Bonnevoie).
  • 03.11.2019 - 12.12.2020: Cloche d'or, Guillaume Kroll - P+R Lëtzebuerg-Süd - Houwald - Bouneweg - Gare - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Sennengerbierg, Charlys Statioun.
  • 13.12.2020 - 02.04.2022: Wéi am Dezember 2020 d'Tramslinn T1 bis op d'Gare verlängert an den AVL-Reseau ugepasst gouf, ass d'Linn 16 fir op de Fluchhafen net méi virun der Stater Gare fortgefuer. Fir awer eng Direktverbindung vun der Garer Plaz aus bäizehalen, ass d'Linn 29 nees vun der Rocade virun d'Gare verluecht ginn.
  • 03.04.2022 - 11.03.2023: D'Linn ass op enger gekierzter Streck gefuer, well d'Verbindung vu Bouneweg a Richtung Houwald (Rangwee) wéinst engem Schantje gespaart war. D'Linn 29 ass an där Zäit op follgender Streck gefuer: Bouneweg / LTB - Gare - Polvermillen - Zens - Findel - Fluchhafen - Sennengerbierg, Charlys Statioun an zeréck.

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 29 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren