Bréck vum Boulevard de Kockelscheuer
Bréck Iwwer d'A6 zu Gasperech
D'Bréck vum Boulevard de Kockelscheuer ass eng Stroossebréck, op där de Boulevard de Kockelscheuer iwwer d'Autobunn A6 féiert. Si gouf tëscht Summer 2018 an Hierscht 2019 gebaut.
Geographie | |
---|---|
Land |
![]() |
Plaz | Gaasperech - Kockelscheier |
Koordinaten |
49° 34’ 39.46’’ N 6° 7’ 12.62’’ E |
Funktioun | |
Benotzt als |
Stroossebréck Tramsbréck |
Technesch Detailer | |
Totallängt | 137 m |
Breet | 27,3 m |
Hiren Tablier, deen am Ganze 16.000 Tonne weit, gouf Enn August 2018, an zwéi Weekenter, op deenen d'Autobunn gespaart gouf, op d'Stäiler gesat.[1] Si gouf den 11. November 2019 fir den Trafic opgemaach.[2]
D'Bréck ass 137 Meter laang a 27,3 Meter breet. Si huet zwou Spuere pro Richtung, an an der Mëtt ass Plaz fir zwee Gleiser fir den Tram virgesinn, deen do Enn 2022, Ufanks 2023 driwwer fuere soll. Op der Westsäit ass en Trëttoir, dee sech d'Foussgänger an d'Vëlosfuerer deele mussen.[2]
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Spektakulär Biller: Bréck op d'Plaz gefouert an installéiert." rtl.lu, 25.08.2018, 20:12:34.
- ↑ 2,0 2,1 "Neue Brücke in Kockelscheuer." wort.lu, 11.11.2019.