Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3

Projet vun enger Bréck, iwwer déi d'Linn 1 vum Stater Tram, Bussen, Vëloen a Foussgänger vum Houwald hier, kuerz no der Bréck iwwer d'Gare Houwald, iwwer d'Autobunn A3 ewech, an de Ban de Gasperich fueren, respektiv goe kënnen

D'Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3 ass eng Bréck, iwwer déi d'Linn 1 vum Stater Tram, Bussen, Vëloen a Foussgänger vum Houwald hier, kuerz no der Bréck iwwer d'Gare Houwald, iwwer d'Autobunn A3 ewech, an de Ban de Gasperich fueren, respektiv goe kënnen[1].

Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3
(OA583)
De Bau vun der Y-Bréck (August 2022)
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 34’ 54.30’’ N
      06° 07’ 43.20’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck fir ëffentlechen Transport, Foussgänger a Vëloen
Féiert iwwer Autobunn A3
Technesch Detailer
Totallängt 100 m
Längt tëscht Widderlager 73
Gréisst Iwwerspanung 57 m
Felder/Béi 1
Breet 18 m; (Haaptstrang)
6,2 m (Säitenaarm)
Héicht 5,50 m
Déckt vum Tablier Variabel mat engem Minimum vun 30 cm an der Mëtt
Material Arméierte Bëtong
Bemierkungen
Bauhär Administration des ponts et chaussées
(Division des travaux neufs)
Architekt(en)
Konzeptioun
Bureau Canevas
Statiker Bureau Greisch

An der Mëtt spléckt d'Bréck sech an zwéin Äerm - dohier d'Analogie zu engem Y: den 18 Meter breeden Haaptstrang fir den Tram, d'Bussen an e Vëlos- a Foussgängerwee, dee riichtaus Uschloss un d'Rue Albert-Einstein huet, an e 6,2 Meter breeden Niewenaarm, deen eppes méi no Norde féiert, fir eng Verbindung fir Foussgänger a Vëlosfuerer mam spéideren Neibau vum Lycée technique du Centre, deen dohi soll kommen, ze maachen.

D'Bréck ass 73 Meter laang an ass op hirer héchster Plaz 5,5 Meter héich. Se gouf vum Bureau Greisch entworf. De Bau gëtt op 9,5 Milliounen Euro geschat[2].

D'Aarbechte hunn 2021 ugefaangen; mat der Verlängerung vun der Linn T1 bis bei de Stadion, geet d'Bréck de 7. Juli 2024 offiziell op[3].

Um Spaweck änneren

Commons: Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Die Brücke zum Ban: Baubeginn Anfang 2021." wort.lu, 24. August 2020.
  2. Bureau Greisch Pont «Y» OA583 – Gasperich
  3. (de)In vier Monaten fährt die Tram zum Stadion. luxemburger-wort-online (2024-02-29). Gekuckt de(n) 2024-02-29.