Gemeng Luerenzweiler
D'Gemeng Luerenzweiler ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Luerenzweiler vun där se och hiren Numm huet.
Luerenzweiler | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Märei vu Luerenzweiler | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Lorentzweiler de: Lorentzweiler |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Buergermeeschter | Marguy Kirsch-Hirtt (Är Leit) |
Awunner | 4.521 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 1.745 ha |
Héicht | 227 m |
Koordinaten |
49° 41’ 59.80’’ N 06° 08’ 27.63’’ O |
LAU-Code | LU0408 |
Websäit | http://www.lorentzweiler.lu/ |
D'Gemeng Luerenzweiler (orange) am Kanton Miersch (rout) | |
Uertschaften an der GemengÄnneren
GeographieÄnneren
Luerenzweiler läit op der Uelzecht.
GeschichtÄnneren
Den 2. Oktober 1823 ass d'Gemeng Luerenzweiler an hirer Form vun haut entstanen duerch d'Fusioun vun de Gemenge Luerenzweiler an Hënsdref.
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot vu Luerenzweiler gëtt zanter de Wale vun 2011 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
De Schäfferot gëtt zanter 2011 vun enger absolutter Majoritéit vun „Är Leit“ gedroen. Buergermeeschtesch ass d'Marguy Kirsch-Hirtt (Är Leit).
ZesummesetzungÄnneren
Joer | Är Leit | CSV | DP | gréng |
---|---|---|---|---|
2011 | 6 | 3 | - | 2 |
2017 | 6 | 2 | 1 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1844: Jean Stoltz[1]
- .... - 1875: Guillaume Erpelding
- 1875 - ...: Nicolas Federspiel[2]
- ... - 1911: Peter Mangen
- 1912 - 1920: Franz Dostert
- 1921 - 1930: Théodore Pescatore
- 1961 - 1974: Joseph Wohlfart
- ... - 1978: Roger Schmitz
- 1978 - 1987: Jeannot Kaesz[3]
- 1987 - 31.03.2022: Jos Roller (Är Leit)[4][5]
- zanter 19. Abrëll 2022: Marguy Kirsch-Hirtt (Är Leit)[6]
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Luerenzweiler ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
KuckeswäertesÄnneren
- Fautelfiels an hir Kapell
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Luerenzweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ L'indépendance Luxembourgeoise (30 Januar 1875). Gekuckt de(n) 3 Juni 2021.
- ↑ Noruff: In Erinnerung an Jeannot Kaesz, Bürgermeister von Lorentzweiler von 1978-1987, am Luxemburger Wort vum 19. Februar 2019 S.43
- ↑ Säit iwwer de Jos Roller
- ↑ Gemeng Luerenzweiler: De Buergermeeschter Jos Roller demissionéiert op den 31. Mäerz 2022. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 01.03.2022.
- ↑ "Neue Bürgermeisterin ist vereidigt." wort.lu, 19.04.2022.