AVL-Linn 19

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 19 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Si fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Lampertsbierg, Neumans Park - Neipuertsgaass - Stad - Plateau Bourbon - Gare - Alstad - Neipuertsgaass - Lampertsbierg, Neumans Park.

AVL-Linn 19
Schëld op der Halt Kasinosgaass op der fréierer Linn 19 (Juni 2014)
Gare - Lampertsbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Lëtzebuerg, Gare Centrale 49°36'3,0503"N, 6°8'1,5562"O
op Lampertsbierg, Neumans Park 49°37'15,2047"N, 6°6'27,5148"O
iwwer Garer Quartier, Uewerstad, Lampertsbierg
Bustyp Standardbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 5.842 m, 4.918 m
Fuerzäit 25 min, 21 min
mëttel Vitess 14,02 km/h, 14,05 km/h

Um Aller ginn a 25 Minutte 21 Halten ugefuer; um Retour bannent 21 Minutte 15 Halten. Speziell bei der Linn 19 ass, datt den Trajet vum Aller a vum Retour net identesch an entgéintgesater Richtung sinn, mä datt deels verschidde Stroossen oder Deeler vum Quartier ugefuer ginn.

D'Linn 19 fiert vu méindes bis samschdes all 30 Minutten; sonndes fiert se net.

Halten op der Linn 19 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Aller änneren

Linn 19 Bemierkung
  Gare Centrale    Gare Lëtzebuerg
  Al Avenue
  F. D. Roosevelt
  Cathédrale
  Gruef
  Kasinosgaass
  Badanstalt
  Fondation Pescatore
  Theater  
  Kiischtewee
  Belle-Vue
  Arts et Métiers
  Guillaume Schneider
  Bois
  Waassertuerm
  Square André
  Batty Weber
  Uni Campus Limpertsberg
  Jean Soupert
  Lefèvre
  Neumans Park

Retour änneren

Linn 19 Bemierkung
  Neumans Park
  Lefèvre
  Jean Soupert
  Léandre Lacroix
  N.S. Pierret
  Alfred de Musset
  Allée Scheffer
  Theater  
  Fondation Pescatore
  Hamilius  
  Ste Zithe
  Michel Rodange
  États-Unis
  Adolphe Fischer
  Gare Centrale    Gare Lëtzebuerg

Entwécklung vun der Linn 19 änneren

Mat der selwechter Linnen-Nummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • virun 1977: et gouf keng Linn mat der Nummer 19
  • 1977 - 1980: Gare - Stad - Domaine du Kiem an zeréck.
  • 1980 - 1992: et gouf keng Linn mat der Nummer 19
  • 1992 - 2001: Stad - Bellevue - Lampertsbierg - Neumans Park
  • 2001 - 2003: Eecher Plaz - Pafendall - Clausen - Stadgronn - Gare - Stad - Bellevue - Lampertsbierg - Neumans Park
  • 2003 - 2008: Eecher Plaz - Pafendall - Clausen - Stad - Bellevue - Lampertsbierg - Neumans Park
  • 2008 - 2015: Beggen, Henri Dunant - Dummeldeng - Eecher Plaz - Pafendall - Clausen - Uewerstad - Bellevue - Lampertsbierg, Neumans Park
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Lampertsbierg, Neumans Park - Stäreplaz - Stad - Plateau Bourbon - Gare - Stad - Lampertsbierg, Neumans Park

D'Linn 19 ass bis de 15. Oktober 2018 als Ronnfaart gefuer ginn, vun deem Dag un gëtt et awer elo en Aller an e Retour.

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 19 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren