Rangwee

Strooss tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Hesper
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Rangwee ass eng Strooss op der Grenz tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Hesper. E leeft vun der Diddenuewener Strooss aus a Richtung Westen, duerch den Tunnel Rangwee bis bei de Rond-point Gluck.

Rangwee
Offiziellen Numm Rangwee
Lëtzeb. Numm Rangwee
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg, Hesper
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Bouneweg-Süd, Gaasperech, Houwald
Postcode 2412
Koordinaten 49°35'17,48"N, 6°8'21,26"O
Morphologie
Längt 770 m
Héicht i. M. 291 m

D'Gebaier op der nërdlecher, gerueder Stroossesäit (Nummeren 20 bis 40) gehéieren zum Quartier Bouneweg-Süd an den Deel vum Tunnel bis bei de Rond-point zu Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg. De Rescht vun der Strooss gehéiert zur Uertschaft Houwald an der Gemeng Hesper.

Den Numm änneren

D'Originne vum Numm Rangwee sinn net eendeiteg gekläert. Etymologesch kéint e vu „rankeg” ((de) rankig) hierkommen, wat fir laang, dënn, biegsam steet[1]. Dem Pierre Anen no géif den Numm vu „Rank“ kommen, enger ofgerënnter Fläch, a kéint esou e Bezuch zu engem ronne Wee maachen, wat de Rangwee virum Éischte Weltkrich war[2]. Den Anen gëtt a senger Opzielung vu Begrëffer fir e Bierghank awer och nach eng aner Erklärung: „Rang“ oder „Rank“ stéing fir en Hank, sou datt de Rangwee e Wee ronderëm den Hank wier[3].

Biller änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Rangwee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. rankeg am LWB (Luxemburger Wörterbuch)
  2. Pierre Anen, Luxemburgs Flurnamen und Flurgeschichte, 1945, Luxemburg : Sankt Paulus Dr.
  3. Quell vun dësem Abschnitt: Henri Beck, Bruno Baltzer, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an: Ons Stad, Nr 49/1995, S. 32