AVL-Linn 10

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 10 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 11. September 2022 um Trajet Bartreng, Belle Étoile - Stroossen - Helfenter Bréck - Märel - Hollerech - Gare - Stad - Eech - Beggen - Bäreldeng - Steesel. Tëscht der Stad a Bäreldeng fiert se parallel mat der Linn 11.

AVL-Linn 10
E Bus vun der Linn 10 um fréieren Terminus op der Michel Rodange Plaz
Bartreng - Steesel
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Bartreng, Belle Étoile 49°37'18,1276"N, 6°2'53,8206"O
op Steesel, Buergaass 49°40'39"N, 6°7'19"O
iwwer Bartreng, Stroossen, Helfenter Bréck, Märel, Hollerech, Garer Quartier, Uewerstad, Lampertsbierg, Eech, Beggen, Bäreldeng, Steesel
Bustyp Gelenkbus
opgaang 11. September 2022
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 19.016 m, 19.430 m
Fuerzäit 61 min, 61 min
mëttel Vitess 18,70 km/h, 19,11 km/h

An der Haaptverkéierszäit brauch d'Linn 10 um Aller 61 Minutte fir eng Streck vu ronn 19 Kilometer; um Retour och 61 Minutte fir 19,43 Kilometer. Se huet 36 Halten um Aller an der 38 um Retour. D'Linn fiert vu méindes bis freides all 15-20 Minutten an de Weekend (samschdes a sonndes) all hallef Stonn.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 10 zum “service coordonné AVL/RGTR”.

Halten op der Linn 10 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 10 Bemierkung
  Bartreng, Belle Étoile
  Bartreng, Gare Bartreng Strassen   Gare Bartreng-Stroossen
  Bartreng, Spatzwiss
  Strassen, Les Thermes
  Strassen, Bourmicht
  Bartreng, Atrium
  Op der Millen
  Plak
  St Gengoul
  Marcel Cahen
  P+R Bouillon  
  Hollerich, Kierfecht
  Salzhaff / Schluechthaus
  Jean-Baptiste Merkels
  Fonderie
  Gare Centrale    Gare Lëtzebuerg
  Al Avenue
  F. D. Roosevelt
  Hamilius  
  Badanstalt
  Crispinus
  Octroi
  Eecher Plaz
  Eecher Klinick
  Émile Metz
  Henri Heymanns
  Binnchen
  Beggen, Kierch
  Bastogne
  Beggen, Rue du Pont  
  Bereldange, Schoul
  Bereldange, Police
  Bereldange, Elterstrachen
  Steinsel, Laval
  Steinsel, Gonneschhaff
  Steinsel, Um Gruef
  Steinsel, Michel Rodange Plaz
  Steinsel, Buergaass[1]

Entwécklung vun der Linn 10 änneren

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 05.09.1964 un: Gare - pont Adolphe - rue Notre-Dame - place du Théâtre - Eich - Beggen
  • 1971 - 1983: Gare - Stad - Eech - Beggen
  • 1983 - 2008: Gare - Stad - Eech - Beggen - Bäreldeng - Walfer oder Steesel; vun 1992 - 1994 si verschidde Faarte vu Walfer weider bis op Hielem gefuer ginn.
  • 15. September 2008 - 12. Dezember 2020: Gare - Stad - Eech - Beggen - Bäreldeng - Steesel

Wéinst dem Tramschantier gouf d'Streck den 3. November 2019 geännert an huet dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[2] gefouert.

  • 13. Dezember 2020 - 10. September 2022: aktuellen Trajet Bartreng - Steesel, awer mam Terminus op der Michel-Rodange-Plaz zu Steesel, zesumme mat der Linn 11.

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 10 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Terminus de facto eréischt vum 16. Dezember 2022 un, well virdrun nach e Schantjen op der Plaz war
  2. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019