D'Tramsbréck iwwer d'A1 (OA 894) ass eng Bréck iwwer d'Autobunnen A1 an den Uschloss vun do un d'A7, déi fir d'Deelstréck vum Stater Tram tëscht dem Tramsschapp an dem Fluchhafe Findel 2022/2023 gebaut gouf.

Tramsbréck iwwer d'A1
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Théiweslach
(Nidderaanwen)
Koordinaten 49° 38’ 17.3’’ N
      06° 11’ 03.3’’ O
Funktioun
Benotzt als Tramsbréck
Gleiser 2
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck aus Huelkëschten
Längt tëscht Widderlager 108 m
Felder/Béi 2
Breet 10 m
Héicht 8 m
Material Stol (Dunnen an Tablier)
Bemierkungen
Bauhär LuxTram

Si ass 108 Meter laang, 10 Meter breet an 8 Meter héich a weit alles an allem eng 700 Tonnen.

Enn Januar 2022 hunn d'Virbereedungsarbechten ugefaangen[1]. No den Terrassementsaarbechte goufen op béide Säite vun der A1 an der Op- an Ausfaart vun der A7 d'Widderlager gebaut, souwéi tëscht der A1 an der Ausfaart vun der A7 en X-Pilier.

D'Droelementer mam Tablier goufe bannent 5 Méint als 10 eenzel Elementer vun der belscher Firma MBB gebaut an uganks 2023 mat Spezialtransporteren op Lëtzebuerg bruecht, wou se dann op zwou Säite vun der Autobunn nieft der Streck zu zwee Deelstécker zesummegebaut goufen. Déi goufen an de Weekender vum 29. Abrëll a vum 6. Mee 2023 op hir definitiv Plaz gesat.[2].

Am Hierscht 2023 sollen d'Gleiser geluecht kënne ginn.

Referenzen änneren

  1. "Tram op de Findel: Vill Beem mussen de Schinne wäichen, Bau dauert 3 Joer." rtl.lu, 23.10.2021.
  2. "Dësen an nächste Weekend gouf déi nei Tramsbréck iwwert der A1 installéiert." rtl.lu, 30.04.2023.