Parc municipal (Stad Lëtzebuerg)

ëffentleche Park an der Stad Lëtzebuerg

De Parc municipal vun der Stad Lëtzebuerg, am allgemenge Sproochgebrauch Stater Park, gouf am Zäitraum vun 1871 bis 1878 op der Plaz vu fréiere Festungswierker vun der Festung Lëtzebuerg, déi ofgerappt, planéiert oder zougetippt gi waren, no de Pläng vum franséische Landschaftsarchitekt a Botaniker Edouard André ugeluecht.

Parc municipal
D'Kinnekswiss am Stater Park
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'49"N, 6°7'22"O
Ugeluecht 1871
Architekt Édouard André
Genannt no Edmond Joseph Klein,
Jean-Charles-Chrétien de Landas et de Louvignies,
Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach,
Jean-Pierre Pescatore
Fläch 19,03 ha

De Park läit an der Uewerstad, ass 19,03 ha grouss[1] a verdeelt sech op véier Deeler tëscht der Avenue Marie-Thérèse am Süden an dem Eecher Bierg am Nordosten. En an ass dat ganzt Joer iwwer fräi zougänglech.

Park Edmond-Klein

änneren

De südlechsten Deel vum Stater Park[2] ass de Park Edmond-Klein, tëscht der Avenue Marie-Thérèse an der Avenue Monterey. En huet eng Fläch vun ongeféier 3,32 ha. Am Oste gëtt e vum Prënzeréng ofgegrenzt an am Weste vun de private Parzelle vum Boulevard Joseph-II. An dësem Deel vum Park gëtt et zwéi Weieren an um Bord vun der Avenue Monterey d'Iwwerreschter vum Fort Lambert, engem Reduit dee 1685 vum Vauban gebaut gouf. De Fort gouf nom Henri de Lambert genannt, dee vu 1684 bis 1688 1. Gouverneur a Generolleutnant vun der Stad a vum Herzogtum Lëtzebuerg war. Do dernieft, och laanscht d'Avenue Monterey, steet d'Stater Synagog, déi 1953 do gebaut gouf, nodeems hire Virgänger an der Zäit vum Zweete Weltkrich vun den Nazi-Besatzer ofrappe gelooss gi war.

An dësem Deel vum Park stoungen 2024 224 Beem (1991 waren et der 319)[1].

Monumenter a Skulpturen

änneren

Louvigny-Park

änneren

Den zentralen Deel vum Park[3] läit mat enger Fläch vun ca. 5,11 ha tëscht der Avenue Monterey an der Arsenalstrooss. Am Ufank vum Park läit eng grouss Spillplaz mat engem Pirateschëff. Bei der Spillplaz steet d'Krombach-Eech, déi ëm 1875 geplanzt gouf.

Nërdlech dovun, op der Plaz vum fréiere Reduit Louvigny, steet d'Villa Louvigny, déi dem Park den Numm gëtt. De Reduit war 1672 gebaut an nom Festungskommandant Jean Charles de Landas, Grof vu Louvigny genannt ginn.

An dësem Deel vum Park stoungen 2024 351 Beem (1991 waren et der 467)[1].

Monumenter a Skulpturen

änneren

Amaliapark

änneren

Den Amaliapark, och nach Édouard-André-Park oder Ieweschte Park genannt[4], ass mat 8,99 ha de gréissten Deel vum Park a geet vun der Arsenalstrooss aus a Richtung Norden, dréint dann a Richtung Osten a stéisst op d'Neipuertsgaass.

Am Ufank vum Park, um Bord vun der Arsenalstrooss, läit d'Villa Vauban, d'Konschtgalerie vun der Stad Lëtzebuerg. D'Villa gouf 1873 vum Industrielle Gabriel Mayer op der Plaz vum fréiere Reduit Vauban gebaut. Nërdlech heivu läit de Siège vum Roude Kräiz. Südwestlech dovu steet d'Monument vun der Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, der Fra vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau. D'Monument gëtt dem Park säin Numm.

Bei Monument stinn och zwou Sequoiaen, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren. E puer Meter virdru gouf den Amaliabuer ugeluecht.

Virun der Neipuertsgaass ass eng grouss fräi Fläch, d'Kinnekswiss, op där ee raschten oder spille kann, ma wou awer och Fester oder Concerten organiséiert ginn. Um südleche Bord vun der Kinnekswiss stinn d'Iwwerreschter vun enger Hobuch, déi och zu de bemierkenswäerte Beem gehéiert huet, awer zanter 2016 dout ass.

An dësem Deel vum Park stoungen 2024 624 Beem (1991 waren et der 769)[1].

Monumenter a Skulpturen

änneren

Pescatore-Park

änneren

De leschten Deel vum Park[5] geet vun der Neipuertsgaass aus no Oste bis op d'Contregarde Berlaimont, iwwer dem Eecher Bierg. Am Norden ass en ofgegrenzt vum Beréng vun der Fondatioun Pescatore an a Süde vum Prënzeréng. Dësem Deel vum Park huet eng Fläch vun 1,61 ha an 2024 stoungen do 100 Beem[1].

Ëstlech vun der Avenue Pescatore, déi als Stéchstrooss an de Park féiert, steet de Käschtebam vum Prënz Jean deen 1921, bei der Geleeënheet vun der Gebuert vum Prënz Jean, geplanzt gouf. Net wäit dovun ewech, steet en aneren Ërennerungsbam, deen am September 2020 zu Éiere vun der Gebuert vum Prënz Charel geplanzt gouf.

Vum Park aus huet een och Accès an de Lift fir an de Pafendall.

Monumenter a Skulpturen

änneren

Monumenter a Skulpturen

änneren

Bambestand

änneren

Bei den éischte Beem déi am Wanter 1872/73 geplanzt goufen, ass haaptsächlech op Gattunge wéi de Spatzahorn (Acer platanoides) an den Aaschtert (oder Biergahorn, Acer pseudoplatanus) zeréckgegraff ginn. Den éischte Bamkadaster ass 1991 opgestallt ginn an deemools sinn 1.555 Beem gezielt ginn. Am Joer 2024 goufe just 1.299 Beem opgelëscht. De Minus vun 256 Beem huet e puer Grënn: 1991 war d'Beplanzung esou dicht, datt et op ville Plaze guer net méi méiglech war de Bestand opzefrëschen oder nei Beem ze planzen. Fir d'Fräileeë vum Reduit Lambert an d'Amenagement vum Weier am Edmond-Klein-Park hu missen 30 Beem gehae ginn. Eng Rëtsch Beem si wéinst dem sougenannten Ulmestierwen ewechgefall an anerer goufen no den extreem waarme Summeren (2003, 2013 an 2018 – 2022) vun engem Pilz befall a konnte sech net méi dovun erhuelen.

Well et nees eng Rëtsch fräi Plaze gouf, konnten nees nei Beem ugeplanzt ginn, sou datt all Joer nees tëscht 20 a 25 nei Beem, haaptsächlech Solitärbeem, geplanzt ginn.

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Parc municipal (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 “Die Bäume in der Stadt – Geschichte, Arten und Pflege”, Service Parcs, Ville de Luxembourg, 2024, S. 88-93
  2. Vun der Stad Lëtzebuerg als “Deel III” bezeechent (cf. Die Bäume in der Stadt, S. 89)
  3. Vun der Stad Lëtzebuerg als “Deel II” bezeechent (cf. Die Bäume in der Stadt, S. 89)
  4. Vun der Stad Lëtzebuerg als “Deel I” bezeechent (cf. Die Bäume in der Stadt, S. 89)
  5. Vun der Stad Lëtzebuerg als “Deel IV” bezeechent (cf. Die Bäume in der Stadt, S. 89)