Findel - Luxembourg Airport (Tramshalt)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Tramshalt beim Fluchhafen. Fir de Fluchhafen um Findel, kuckt wgl. Fluchhafe Lëtzebuerg. |
Findel - Luxembourg Airport ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 2. Mäerz 2025 opgaangen ass.
![]() Den Terminus vum Tram um Fluchhafen | |
ass eng | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 2. Mäerz 2025 |
genannt no | Fluchhafe Lëtzebuerg |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Nidderaanwen |
Uertschaft | Sennengerbierg |
Koordinaten | 49°38'7,33"N, 6°13'1,74"O |
Reseau | |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) | Héienhaff P+R |
![]() |
Se läit nordëstlech vum Terminal A vum Fluchhafe vu Lëtzebuerg, um Gebitt vun der Gemeng Nidderaanwen, an ass den nërdlechen Terminus vun der Linn.
Lag vun der Statioun
ännerenD'Statioun läit um Areal vum Fluchhafe vu Lëtzebuerg, no deem s'och genannt ass.
Den zweeten Deel vum Numm "Findel - Luxembourg Airport" ass op Englesch, fir engem internationale Publikum onmëssverständlech ze verstoen ze ginn, dass do de Fluchhafen ass (d'Metonymie "Findel" dofir wier just de Lëtzebuerger e Begrëff).[1]
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
--- | --- | Findel - Luxembourg Airport | Héienhaff P+R | Stadion |
Infrastruktur
ännerenD'Statioun huet 2 Gleiser mat engem zentrale Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Aéroport).
Biller
änneren- D'Tramshalt
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
änneren-
d'Skulptur L'envol vun der Charlotte Engels
-
De Schantje vum Skypark Business Center
Um Spaweck
ännerenCommons: Findel - Luxembourg Airport (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen op dëser Statioun:
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Frank Weyrich: "Zusätzliche Sprache für neue Tramhaltestelle." wort.lu, 18.11.2024.