AVL-CN8

Stater Nuetsbuslinn (AVL)

D'AVL-Linn CN8 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.

AVL-CN8
City Night Bus 8
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O
op Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O
iwwer Uewerstad, Hollerech, Gaasperech, Bouneweg, Garer Quartier
Bustyp Standardbus
opgaang 15. Juli 2023
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Fuerzäit 24 min
mëttel Vitess 22,43 km/h

Se fiert zanter dem 15. Juli 2023 de Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Hollerech, Gaasperech (Cloche d'or) a Bouneweg.

D'Linn CN8 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 18 Halten a brauch 24 Minutte fir eng Faart.

Halten op der Linn CN8 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn CN8 Bemierkung
  Hamilius Uschloss un d'Linnen

CN1, CN2, CN3, CN4, CN5, CN6, CN7

  Heentze Park
  Aciérie
  Gaasperecher Bierg
  Beethoven
  François Hogenberg
  Charles Darwin
  Francophonie
  Lycée Bouneweg / PE
  Lycée Bouneweg / LTB
  Willibrord
  Léon XIII
  Fraternité
  Virchow
  Huese Vic
  Wallis
  F. D. Roosevelt
  Hamilius Uschloss un d'Linnen

CN1, CN2, CN3, CN4, CN5, CN6, CN7

Entwécklung vun der Linn CN8 änneren

  • virum 15. Juli 2023: et gouf keng Linn CN8

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne CN8 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren