AVL-Linn 15
![]() |
D'AVL-Linn 15 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Si fiert zanter dem 3. November 2019 um Trajet Hamm, Rue de Bitbourg - Bouneweg - Gare-Rocade - Stad - Hollerech - P+R Bouillon an zréck. Verschidde Faarte fuere vun der Halt P+R Bouillon weider op den Terminus Celtes zu Märel.
![]() | |
![]() Linn 15 an der Bouneweger Strooss a Richtung Hollerech | |
Hamm - Hollerech | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Hamm, Rue de Bitbourg 49°36'47,8541"N, 6°10'13,4296"O |
op | Hollerech, P+R Bouillon 49°35'59,5986"N, 6°6'19,6265"O |
iwwer | Hamm, Bouneweg, Garer Quartier, Uewerstad, Belair, Hollerech, Märel |
Bustyp | Standardbus |
opgaang | 3 November 2019 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 9.906 m, 10.191 m |
Fuerzäit | 35 min, 37 min |
mëttel Vitess | 16,98 km/h, 16,53 km/h |
De 14. Mäerz 2016 gouf den Trajet zu Hollerech / Belair liicht geännert: d'Linn 15 fiert zanterhier net méi duerch d'Rue Marie-Adélaïde, ma iwwer d'Rue de Bragance an d'Avenue Guillaume. Wéinst dem Tramsschantje féiert d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad zanter dem 3. November 2019 iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[1].
D'Linn 15 huet 26 Halten um Aller an der 25 um Retour a fiert vu Méindes bis Samschdes all 15 a Sonndes all 30 Minutten.
Halten op der Linn 15Änneren
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 15 (Aller) | Bemierkung | |
---|---|---|
Rue de Bitbourg | gemeinsamen Terminus mat de Linnen 20, 25, 70 | |
Käschtewee | ||
Rue Haute | ||
Hamm, Kierch | ||
Hamm, Schoul | ||
Hamm, Colonie | ||
Englebert Neveu | ||
Montmédy | ||
Kofferfabrik | ||
Gabriel Lippmann | ||
Rotonde | ||
Gare Rocade Quai 1 | ||
Wallis Quai 3 | ||
F. D. Roosevelt | ||
Monterey Quai 2 | ||
Wampach | ||
Rheinsheim | ||
Guillaume | ||
Bragance Quai 3 | ||
Alphonse Munchen | ||
Nancy | ||
Poincaré | ||
Schluechthaus | ||
Athénée Quai 3 | ||
Conservatoire | ||
Bouillon Quai 3 | ; gemeinsamen Terminus mat der Linn 17 |
Entwécklung vun der Linn 15Änneren
Mat der selwechter Linnen-Nummer goufe follgend Trajete gefuer:
- vum 01.04.1926 un ass déi Hämmer Linn um Trajet Stad - Bouneweg - Hamm - Polvermillen - Stad gefuer. Den 01.10.1962 krut se d'Linnen-Nummer 15.
- 1971 - 1977: Stad/Gare – Bouneweg - (Polvermillen) - Hamm
- 1977 - 1980: Stad/Gare – Bouneweg - Hamm
- 1980 - 1992: Stad/Gare – Bouneweg - Hamm - Cents - Polvermillen - Gare/Stad
- 1992 – 2003: Gare/Stad – Eech - Weimeschkierch - Rue des Sources - Parc de l'Europe
- 2003 – 2008: (P+R Bouillon) - Gare/Stad – Eech - Weimeschkierch - Rue des Sources - Parc de l'Europe
- 2008 - 2015: Hamm - Bouneweg - Gare - Stad - Hollerech - Märel
- 2015 - 2019: Hamm - Bouneweg - Gare-Rocade - Stad - Hollerech - Märel
Um SpaweckÄnneren
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019