D'AVL-Linn 18 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 1. Juni 2015 um Trajet Kockelscheier, Patinoire - Cloche d'or - Hollerech - Gare - Stad - Kierchbierg, Luxexpo an zréck. De 14. Mäerz 2016 gouf den Trajet um Kierchbierg liicht geännert: d'Linn 18 fiert zënterhier vun der Halt Mathias Tresch iwwer de Circuit de la Foire Internationale an net méi iwwer d'Avenue John F. Kennedy op den Terminus Luxexpo Entrée Sud.

AVL(-18).png
Luxembourg Bus WEBER-AVL.JPG
E Bus op der Linn 18 Richtung Kirchberg/John F. Kennedy
Bustyp Gelenkbus
Bedreiwer AVL
Trajet Kockelscheier – Cloche d'or -
Hollerech - Gare - Stad -
Kierchbierg
Terminus 1
Numm Kockelscheuer Patinoire
Koordinaten 49° 33’ 54.9’’ N 06° 06’ 30.8’’ O
Terminus 2
Numm Luxexpo Entrée Sud
Koordinaten 49° 38’ 03.9’’ N 06° 10’ 12.4’’ O
Aller
Längt 12,465 km
Fuerzäit 40 Min.
Halten 24
Retour
Längt 12,153 km
Fuerzäit 39 Min.
Halten 24
Takt
Méindes-Freides 7-8 Min.
Samschdeg 10; 15 Min.
Sonndeg 30 Min.

D'Linn 18 bedéngt um Aller grad ewéi um Retour 24 Arrêten. Vu méindes bis freides fiert se all 7-8, samschdes all 15-30 a sonndes all 30 Minutten. Verschidde Faarte ginn net vun der Kockelscheier fort, mä fänken eréischt op der Halt Plantin oder op der Gare un.

Halten op der Linn 18Änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 18 (Aller) Bemierkung
  Kockelscheuer, Patinoire Quai 1  
  Kockelscheuer, Camping
  Scharfen Eck
  Cloche d'or
  Plantin
  Gaasperecherbierg
  Hollerich, Gare
  Lascombes
  Alsace
  Gare Centrale Quai 1
  Paris / Zitha Quai 1
  Martyrs Quai 1
  Hamilius Quai 1
  Fondation Pescatore Quai 1
  Rout Bréck - Pafendall
  B.E.I.
  Jean Monnet
  Antoine de St Exupéry
  Konrad Adenauer
  Avalon Quai 1
  Léon Thyes
  Mathias Tresch
  Poutty Stein
  Luxexpo Entrée Sud Quai 1

Entwécklung vun der Linn 18Änneren

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 04.06.1952 un ass d'Linn Polvermillen - Zens vun der Stad aus gefuer; si krut den 01.08.1966 d'Linnen-Nummer 18.
  • 1971 - 1980: Gare - Stad - Polvermillen - Zens
  • 1980 - 1992: Stad - Gare - Polvermillen - Zens - Hamm - Bouneweg - Gare - Stad. D'Linn mat der Nummer 15 ass an der entgéintgesater Richtung gefuer.
  • 1992 - 1996: P+R Luxembourg/Sud - Gare - Stad - Kierchbierg/Domaine du Kiem
  • 1996 - 1999: Cloche d'or - P+R Luxembourg/Sud - Gare - Stad - Kierchbierg/Domaine du Kiem
  • 1999 - 2001: Cloche d'or - Gare - Stad - Kierchbierg/John F. Kennedy
  • 2001 - 2008: Gare - Stad - Kierchbierg/John F. Kennedy
  • 2008 - 2015: Kockelscheier/Patinoire - Cloche d'or - Hollerech - Gare - Stad - Kierchbierg/John F. Kennedy

Um SpaweckÄnneren

Commons: Ligne 18 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren