Bréck Gare Houwald
D'Bréck bei der Gare um Houwald ass eng Bréck déi zanter 2022 am Bau ass an iwwer déi d'Linn T1 vum Stater Tram an och Bussen, Vëloen a Foussgänger vum Houwald, iwwer d'Gare Houwald an iwwer d'Zuchgleiser ewech, am Uschloss un d'Y-Bréck iwwer d'Autobunn A3, an de Ban de Gasperich fueren, respektiv goe kënnen[1].
De Bau vun der Bréck (August 2022) | |
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz |
Lëtzebuerg (Gaasperech) Gemeng Hesper (Houwald) |
Koordinaten |
49° 34’ 52.3’’ N 06° 07’ 57’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Bréck fir ëffentlechen Transport, Foussgänger a Vëloen |
Féiert iwwer |
CFL-Linn 6 CFL-Linn 4 |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Dunnebréck |
Material | Stol |
Historique änneren
De Bau vun der Bréck gouf bis Enn 2023 duerch eng juristesch Streiderei ëm eng Parzell, déi dem Olos Fund gehéiert, gehënnert: De Staat huet 2020 eng Expropriatiounsprozedur vun der Parzell fir utilité publique an d'Weeër geleet, déi awer vum Proprietär viru Geriicht a Fro gestallt gouf. Am Dezember 2023 gouf eng Eenegung am Gudden tëscht Proprietär a Staat fonnt.[2] Fir virunzekommen, gouf awer schonn 2022 mam Bau vun enger schmueler Versioun vun der Bréck ugefaangen, nërdlech vun der contestéierter Parzell.[3] Dat bréngt mat sech, datt den Tram do bis op Weideres just op engem Gleis fuere kann, bis dat Stéck, dat feelt, ka bäigeprafft ginn.
Um Spaweck änneren
Commons: Bréck Gare Houwald – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ "Die Brücke zum Ban: Baubeginn Anfang 2021." wort.lu, 24. August 2020.
- ↑ "Den Ausbau vum Tram um Houwald kann endlech virugoen." rtl.lu, 06.12.2023.
- ↑ Mathilde Obert: "Ce qui bloque vraiment le chantier du tram à Howald." paperjam.lu, 19.08.2022.