Place de Paris (Stad Lëtzebuerg)


D'Paräisser Plaz (offiziell Place de Paris) ass eng Plaz am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg; se besteet am Fong aus zwéin Deeler, westlech an ëstlech vun der Neier Avenue.

Place de Paris
Aweiung vun der „neier“ Paräisser Plaz am Juni 2021
Offiziellen Numm Place de Paris
Lëtzeb. Numm Paräisser Plaz
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Garer Quartier
Koordinaten 49°36'12,8902"N, 6°7'52,7498"O
Morphologie
Héicht i. M. 290 m
Geschicht
Genannt 5. Dezember 1907
Genannt no Paräis

Als Adresse „Place de Paris“ zielt nëmmen den Deel vun der Strooss dee vun der Rue du Fort Elisabeth a westlecher Richtung bis bei d'Antwerpener Strooss laanscht d'Plaz verleeft. D'Haiser tëscht der Duchscher-Strooss an der Neier Avenue gehéieren zur Antwerpener Strooss iwwerdeems déi op der ëstlecher Säit, tëscht der Bourbon-Strooss an der Origer-Strooss zur Rue du Fort Elisabeth gehéieren.

Geschicht änneren

 
Vue op d'Paräisser Plaz mam Octroishaische vun 1912 (ënne riets um Bild).

D'Plaz gouf nom Bau vun der Neier Bréck vum Staat op dem Gebitt vun de fréiere Festungsanlage gebaut. De Stater Gemengerot huet der Plaz de 5. Dezember 1907 hiren Numm ginn[1]. Virdru gouf se Place de l'Éventail genannt[2].

D'Plaz huet bis 1920 d'Grenz tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Hollerech gemaach. Fir Wueren déi an d'Stad erabruecht goufen, huet missen eng Steier bezuelt ginn. Gemengepersonal huet de sougenannten Octroi an engem Pavillon („Octroishaischen“) akasséiert. Nodeems keen Octroi méi opgehuewe gouf, war uganks den 1930er Joren e Büro fir Touristeninformatiounen am Pavillon[3].

Déi „nei“ Paräisser Plaz änneren

Wéi den Tram bis op d'Gare gebaut gouf, ass och d'Paräisser Plaz am Kader vun enger Biergerbedeelegung vu Luxtram, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, nei amenagéiert ginn. Et gouf en oppenen a geraimegen ëffentleche Beräich geschaaft, wou Mäert, Fester asw. organiséiert kënne ginn. Déi „nei“ Paräisser Plaz, op där och 18 nei Platane geplanzt goufen, ass de 26. Juni 2021 ageweit ginn[4].

Gebaier änneren

Biller änneren

D'Plaz haut änneren

D'Plaz fréier änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Place de Paris (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Place de Paris. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 2021-06-26.
  2. Place de Paris. ons stad 34/1990 S. 26. Gekuckt de(n) 2021-06-26.
  3. jls, 2013, Der Pariser Platz, Télécran 48/2013, S. 134
  4. Inauguration de la place de Paris nouvellement aménagée | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-26.
  5. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).