AVL-CN7

Stater Nuetsbuslinn (AVL)

D'AVL-Linn CN7 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.

AVL-CN7
City Night Bus 7
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O
op Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O
Bustyp Standardbus
opgaang 3 November 2019
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 8.219 m
Fuerzäit 22 min
mëttel Vitess 22,42 km/h


Se fiert zënter dem 3. November 2019 de Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Lampertsbierg, Belair a Märel.

D'Linn CN7 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 27 Halten a brauch 22 Minutte fir eng Faart.

Halten op der Linn CN7 Änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn CN7 Bemierkung
  Hamilius Uschloss un d'Linnen

CN1, CN2, CN3, CN4, CN5, CN6, CN8

  Fondation Pescatore
  Theater  
  Lycée de Garçons
  Alen Tramsschapp
  Square André
  Batty Weber
  Uni Campus Limpertsberg
  Ermesinde
  Henri VII
  Faïencerie / INL  
  Stäreplaz / Étoile  
  Square de New York
  Archiducs
  Amsterdam
  Belair, Kierch
  Oradour
  Merl, Kierfecht
  Charlemagne
  Laang Heck
  Orval
  Place de France
  Merl, Parc
  Bragance
  Guillaume
  Rheinsheim
  Hamilius Uschloss un d'Linnen

CN1, CN2, CN3, CN4, CN5, CN6, CN8

Entwécklung vun der Linn CN7 Änneren

  • virum 03.11.2019: et gouf keng Linn CN7

Um Spaweck Änneren

Commons: Ligne CN7 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten Änneren