Rue des Scillas (Hesper)

Strooss um Houwald

D'Rue des Scillas ass eng Strooss um Houwald an der Gemeng Hesper.

Rue des Scillas
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Hesper

Se ass no der Blummegattung Scilla genannt, wéinst der rarer Mäerzblimmchen déi net wäit dervun am Doulemerdall wiisst.

Geographie änneren

D'Strooss fänkt op der Grenz mat der Gemeng Lëtzebuerg, op der Héicht vum Rangwee un, do, wou dësen no Westen ofbéit fir an engem Tunnel ënner der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz erduerch ze goen.

Se geet a süd-südwestlecher Richtung bis bei de Rond-point mam CR231 an huet eng Längt vun enger 920 Meter.

Geschicht änneren

D'Rue des Scillas gouf an den 1970er Joren ugeluecht, a geschwënn hu sech Industrie- an Handelsbetriber op der westlecher Säit etabléiert.

Zanter dem Ufank vun den 2020er Jore gëtt un der Strooss geschafft, fir se op 34 Meter méi breet ze maachen, fir sou zweemol 2 Spuere fir de motoriséierte Verkéier an eng Vëlospist ze kréien. Vun 2024 u soll och d'Tramslinn T1 vum Stater Tram derduerchfueren. D'Strooss gëtt dann als Deelstéck vun der neier Nationalstrooss 40 gebraucht. Gläichzäiteg gëtt am nërdlechen Deel d'Drosbech kanaliséiert an e Baseng fir Reewaasser gebaut. Den Tram huet op der Héicht vum Tennisclub eng Halt, déi no der Strooss genannt ass, a béit dann op der Héicht vun der Gare Houwald no Westen of, fir iwwer d'Eisebunnslinn an d'Autobunn A3 an de Gaasperecher Bann eriwwerzefueren.[1]

Gebaier änneren

Mat der Neiuluecht vun der Strooss ginn et och parallel derzou Bauprojeten: Sou kënnt den nei Sëtz vum Lëtzebuerger Roude Kräiz dohinner, grad wéi e Projet vu 5 Gebaier op 2 Hektar mat am Ganzen enger 140 Wunnengen (AXS genannt).[2] 2025-26 plënnert d'Bëtongsfirma op Zéisseng, an op där hiren Terrain vun 2,26 Hektar sollen dono 226 Wunnengen entstoen.[3]

Biller änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Rue des Scillas (Hesper) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. "Die Verwandlung der Rue des Scillas schreitet voran." wort.lu, 10.12.2021.
  2. "So wird sich die Rue des Scillas verändern." wort.lu, 06.06.2021.
  3. David Thinnes: "Wohnen und leben statt Betonproduktion." wort.lu [w+], 2023-11-28.