D'RGTR-Linn 513 ass eng regional Buslinn déi am Kader vum RGTR am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten um Trajet Lëtzebuerg - Peppeng - Beetebuerg fiert. Virum 17. Juli 2022 ass se als Linn 195 gefuer.

Déi fréier Linn 195 op der Metzer Plaz an der Stad (2009)
Bedreiwer RGTR
Trajet Lëtzebuerg - Peppeng - Beetebuerg
Terminus 1
Numm Lëtzebuerg, Gare Rocade
Koordinaten 49° 35’ 56.9’’ N 06° 08’ 09.0’’ O
Terminus 2
Numm Beetebuerg, Gare
Koordinaten 49° 30’ 59.5’’ N 06° 06’ 07.5’’ O
Aller
Fuerzäit 24 Min.
Halten 19
Retour
Fuerzäit 29 Min.
Halten 19
Takt
Méindes-Freides 30-60 Min.
Samschdeg 30-60 Min.
Sonndeg 120 Min.

Entwécklung vun der Linn änneren

Tëscht dem 1. Juni 2015 an dem 14. Mäerz 2016 ass d'Linn 195 um Trajet Peppeng - Léiweng - Fenteng - Hesper - Lëtzebuerg / Gare - Uewerstad - Clausen - Neiduerf - Zens gefuer. Duerch eng Kooperatioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Nohaltegkeetsministère ass se um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg - d. h. tëscht der Halt Neufchâteau an dem Terminus Zens, Waassertuerm - zesumme mat der RGTR-Linn 167 als stättesch Linn 9 gefuer. D'Fuerpläng vun den zwou RGTR-Linne waren esou versat, datt um gemeinsamen Trajet (Linn 9) an der Woch all 15 Minutten e Bus gefuer ass. D'Busse vun dëser sougenannter "Kombilinn" hunn och déi zwou Linnennummeren 9/195 oder 9/167 ugewisen.

Vum 14. Mäerz 2016 un ass se dunn um Trajet Peppeng - Léiweng - Fenteng - Hesper - Lëtzebuerg / Kierchbierg, an der Woch (vu méindes bis samschdes) all 30 Minutten a sonndes all zwou Stonnen, gefuer.

Am Joer …[Wéini ?] gouf den den Terminus an der Stad vum Kierchbierg op d'Rocade verluecht.

Halten op der Linn änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang 07/2022 publizéiert sinn.)

Linn 513 Bemierkung
  LUX Gare, Rocade Quai 6    
  LUX Bonnevoie, Dernier Sol
  LUX Bonnevoie, Hippodrome
  LUX Bonnevoie, Neufchâteau
  HOWALD, Jhangeli
  HOWALD, Am Houwaldsbierg
  HESPERANGE, Wollefsmillen
  HESPERANGE, Sprëtzenhaus
  FENTANGE, Duelemerbach
  FENTANGE, An der Hiehl
  FENTANGE, Fuertwee
  FENTANGE, Op de Leemen
  BIVANGE, Edward Steichen
  BIVANGE, Schoul
  LIVANGE, Geespelt
  BETTEMBOURG, Fankenacker
  BETTEMBOURG, 12 Gargullen
  BETTEMBOURG, Al Gemeng
  BETTEMBOURG, Gare  

Kuckt och änneren

Lëscht vun den RGTR-Buslinnen

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 513 (RGTR) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

All d'Informatioune bezéie sech op de Fuerplang vum 17. Juli 2022