AVL-Linn 13

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 13 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Zéisseng, Boy Konen - Kuelebierg - Gaasperech - Gare - Stad - Belair - Centre hospitalier an zeréck.

AVL-Linn 13
E Bus vun der fréierer Linn 13 a Richtung Gare (2019)
Gaasperech - Belair
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Boy Konen 49°34'49,4"N, 6°5'39,5"O
op Belair-Nord, Centre Hospitalier 49°37'8,3359"N, 6°6'0,2160"O
iwwer Zéisseng, Gaasperech, Garer Quartier, Uewerstad, Belair
Bustyp Hybrid Elektrobus, Elektrobus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 10,333 km, 10,799 km
Fuerzäit 39 min, 41 min
mëttel Vitess 15,90 km/h, 15,80 km/h

Se huet 28 Halten an all Richtung a fiert vu méindes bis samschdes all 15 Minutten a sonndes all hallef Stonn.

D'Linn gëtt mat Elektro- oder Elektro-Hybridbussen assuréiert. Um Terminus beim Centre hospitalier ass eng Opluetstatioun wou d'Bussen nees opgeluede ginn.

Halten op der Linn 13 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 13 Bemierkung
  Boy Konen gemeinsamen Terminus mat der Linn 14
  Rue de Leudelange
  Antoine
  Tubishaff
  Kuelebierg
  Rue Verte
  Louis de Froment
  Klensch
  Al Gaasperech
  Bei der Auer
  Clemenceau
  Richard Wagner
  Millewee
  Déportation
  Alsace
  Gare Centrale     Gare Lëtzebuerg
  Al Avenue
  F. D. Roosevelt
  Monterey  
  Wampach
  Sacré-Coeur
  Belair, Kierch
  Oradour
  Merl, Kierfecht
  Val Ste Croix
  Aubépines
  Kannerklinick / Maternité
  Centre Hospitalier gemeinsamen Terminus mat der Linn 24

Entwécklung vun der Linn 13 änneren

Mat der selwechter Linnen-Nummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 01.04.1927 un ass déi Gaasperech-Zéissenger Linn vun der Stad iwwer d'av. de la Liberté an d'Gare op Gaasperech an Zéisseng gefuer. Den 01.10.1962 gouf déi Gaasperecher Linn als 13 an déi Zéissenger als 14 bezeechent.
  • 1971 - 1980: Gare - Stad - Gaasperech
  • 1980 - 1990: Gare - Stad - Gaasperech - Kuelebierg - Zéisseng - Hollerech an zeréck
  • 1990 - 1992: et gouf keng Linn mat der Nummer 13
  • 1992 - 1999: Gare - Stad - Weimeschhaff
  • 1999 - 2001: Gare - Stad - Weimeschhaff - Kierchbierg - Weimeschkierch - Dummeldeng, Parc de l'Europe
  • 2001 - 2008: Gare - Stad - Weimeschhaff - Kierchbierg - Weimeschkierch - Eech/Eecher Plaz
  • 2008 - 2015: Eech - Weimeschkierch - Kierchbierg - Stad - Verluerekascht - Polvermillen - Äppelwee/INS
  • 01.01.2015 - 12.12.2020: Gare - Stad - Belair - Centre hospitalier

Wéinst dem Tramsschantje gouf d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad den 3. November 2019 geännert an huet dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefouert[1].

Se hat 13 Halten um Aller an och um Retour an ass vu méindes bis samschdes all 15 Minutten a sonndes all hallef Stonn gefuer.

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 13 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019