D'RGTR-Linn 321 ass eng regional Buslinn déi am Kader vum RGTR am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten um Trajet Kierchbierg - Hueschtert - Ueweraanwen fiert.

E Bus op der fréierer Linn 321 an der Avenue Monterey
Bedreiwer RGTR
Trajet Kierchbierg -
Ueweraanwen
Terminus 1
Numm LUXEMBOURG (Kirchberg), Gare rout. Luxexpo
Koordinaten 49° 38’ 10.7’’ N 6° 10’ 29.1’’ O
Terminus 2
Numm OBERANVEN, Gemeng
Koordinaten 49° 39’ 32.8’’ N 06° 14’ 33.7’’ O
Aller
Fuerzäit 23 Min.
Halten 21
Retour
Fuerzäit 29 Min.
Halten 21
Takt
Méindes-Freides 30 Min.
Samschdeg 30 Min.
Sonndeg 120 Min.

Mat der neier Nummeréierung vum RGTR-Reseau de 17. Juli 2022 gouf et follgend Ännerungen:

  • déi aktuell Linn 321 gouf virdrun als Linn 125 gefuer;
  • aus der fréierer Linn 321 (vu Lëtzebuerg iwwert Esch-Uelzecht op Weller) gouf déi nei 604.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: RGTR-Linn 604.

Halten op der Linn änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang 07/2022 publizéiert sinn.)

Linn 321 Bemierkung
  LUX Kirchberg, Gare routière Luxexpo    
  SENNINGERBERG, Rue du Golf
  SENNINGERBERG, Charly's Statioun
  SENNINGERBERG, Breedewues
  HOSTERT (NIEDERANVEN), Stade Jos Becker
  HOSTERT (NIEDERANVEN), Charlys Gare
  HOSTERT (NIEDERANVEN), Kierfech
  HOSTERT (NIEDERANVEN), Binnewee
  HOSTERT (NIEDERANVEN), Betzberg
  SENNINGEN, Um Kiem
  SENNINGEN, Kierch
  NIEDERANVEN, Routscheed
  NIEDERANVEN, Laach
  NIEDERANVEN, Op de Wolleken
  OBERANVEN, Routstrach
  OBERANVEN, Fielsenhaus
  OBERANVEN, Schetzel
  OBERANVEN, Rue d'Ernster
  RAMELDANGE, Bounert
  RAMELDANGE, Rëtsch
  OBERANVEN, Gemeng

Entwécklung vun der Linn änneren

Mat der Nummer 125 gouf d'Linn den 1. Juni 2015 agefouert an ass deemools um Trajet P+R Bouillon (Hollerech) - Kierchbierg - Ueweraanwen an der Woch (vu méindes bis samschdes) all 20 Minutten a sonndes all Stonn gefuer.

Fir net parallel mam Tram iwwer d'Avenue John F. Kennedy ze fueren, gouf den Trajet um Kierchbierg de den 10. Dezember 2017 liicht geännert. Se ass vun deem Dag un iwwer de Boulevard Konrad Adenauer an duerno laanscht d'Spidol um Kierchbierg gefuer.

Duerch eng Kooperatioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Staat ass d'Linn 125 um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg - d. h. tëscht dem P+R Bouillon an der Halt Hôpital Kirchberg[1] um Kierchbierg - um selwechten Trajet wéi d'AVL-Linn 1 gefuer. D'Fuerpläng vun den zwou Linne waren esou versat, datt um gemeinsamen Trajet wiertes all 10 Minutten, samschdes all 20 a sonndes all 30 Minutten a Bus zirkuléiert ass. D'Busse vun dëser sougenannter „Kombilinn“ hunn dowéinst dann och déi zwou Linnennummeren 1/125 ugewisen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 321 (RGTR) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. virum 10. Dezember 2017: Halt John F. Kennedy