D'AVL-Linnen CN1 – CN8 si Buslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.

E City Night Bus op engem geännerten Trajet, wéinst dem Blues'n'Jazz Rallye (2023)
E City Night Bus an der fréierer Busgare Hamilius (2014)

De Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – fueren déi Linnen an der Stad an et kann een dovu profitéiere fir an e Restaurant, Café oder eng Disko ze goen ouni mussen eng Parkplaz ze sichen.

D'Linn CN1 fiert all véierel Stonn (tëscht Hallefnuecht an dräi Auer, all 10 Minutten) vum P+R Bouillon iwwer d'Gare, d'Stad, de Glacis bis a Clausen a weider op den Zens. Déi Linn mécht haaptsächlech d'Verbindung tëscht den eenzele Plaze wou gefeiert gëtt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: AVL-CN1.

No Hallefnuecht huet d'Linn CN1 all hallef Stonn um Hamilius Uschloss un d'Linnen CN2, CN3, CN4, CN5, CN6, CN7 an CN8. Déi 8 Linne fueren all als Ronnfaart vum Hamilius aus an déi verschidde Quartiere vun der Stad.

 Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen AVL-CN2; AVL-CN3; AVL-CN4; AVL-CN5; AVL-CN6; AVL-CN7 a(n) AVL-CN8

Entwécklung vum City Night Bus änneren

  • Vu September 1999 bis den 23. November 2004 huet de City Night Bus (CNB/CN1) nach Late Night Bus (LNB/LT1) geheescht.
  • 3. November 2019: D'Buslinnen CN5, CN6 an CN7 ginn agefouert.
  • 15. Juli 2023: D'Buslinn CN8 gëtt agefouert[1].

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Adaptations horaires | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-10.