AVL-Linn 28

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 28 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 15. Juli 2023 um Trajet Houwald, Op der Stirzel - zone artisanale et commerciale ZAC - Cloche d'or - Gare an dann iwwert d'Gare-Rocade zeréck op den Houwald.

AVL-Linn 28
Eng Linn 28 um fréiere Sonndestrajet, op der Kräizung Al Avenue / Al Bréck
Houwald - Gare
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Houwald, Op der Stirzel
op Lëtzebuerg, Gare Centrale 49°36'3,0503"N, 6°8'1,5562"O
iwwer Houwald, Gaasperech, Garer Quartier, Bouneweg
Bustyp Gelenkbus
opgaang 15. Juli 2023
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Fuerzäit 12 min, 15 min

D'Linn 28 verstäerkt d'Linn 29 um Trajet vum Houwald iwwert d'Cloche d'or op d'Gare a fiert vu méindes bis freides all 10 bis 15 a samschdes all 20 Minutten. Se huet 6 Halten um Aller an der 7 um Retour. Se brauch 27 Minutten fir e kompletten Aller-Retour.

Halten op der Linn 28 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 28

Aller + Retour

Bemierkung
  Howald, Op der Stirzel
  Howald, Ronnebësch   Gare Houwald
  Howald, P+R Lux-Sud  
  Gerhard Mercator
  Francophonie
  Gare Centrale     Gare Lëtzebuerg
  Wallis
  Gare Rocade   Gare Lëtzebuerg
  Francophonie
  Gerhard Mercator
  Howald, P+R Lux-Sud  
  Howald, Ronnebësch   Gare Houwald
  Howald, Op der Stirzel

Entwécklung vun der Linn 28 änneren

  • virun 2015: et gouf keng Linn mat der Nummer 28
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Gare - Stad - Stroossen - Belle Étoile - (Bartreng/Europaschoul ll)

Am Kader vum Tramsschantje gouf de 15. Oktober 2018 den Trajet an der Uewerstad ugepasst: d'Linn 28 ass vun dunn un a Richtung Gare net méi duerch d'Arsenalstrooss, ma iwwer d'Montereysavenue gefuer. Méi spéit, den 3. November 2019 ass och d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad ugepasst ginn an d'Linn ass dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer[1]. Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, huet d'Linn 28 zum “service coordonné AVL/RGTR” gehéiert.

  • 13.12.2020 - 11.03.2023: wiertes all véierel a sonndes all hallef Stonn um Trajet Hesper, Cité um Schlass - Houwald (zone artisanale et commerciale ZAC) - Bouneweg - Gare-Rocade - Gare - Gaasperech - Houwald, P+R Lëtzebuerg-Süd an zeréck. Se huet Deeler vun de fréiere Linne 16 (Trajet Cité um Schlass - Gare Lëtzebuerg) an 21 (P+R Lux-Sud - Gare) ersat, déi am Kader vun der Verlängerung vum Tram bis op d'Gare am Dezember 2020 geännert goufen.
  • 12.03.2023 - 14.07.2023: Houwald, Op der Stirzel - zone artisanale et commerciale ZAC - Cloche d'or - Gare - Gare-Rocade - Bouneweg, Lycée Bouneweg / LTB.

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 28 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019