Nationalstrooss 4

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg

D'Nationalstrooss 4 oder N4 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Si féiert vu Lëtzebuerg op Esch-Uelzecht a vun do weider a Frankräich, wou se Uschloss un déi franséisch D16 huet. Allerdéngs ass se, zanter et d'Autobunn A4 gëtt, net méi duerchgängeg, mä et sinn Deeler dovun duerch d'Autobunn ersat ginn.

Nationalstrooss 4
N4 Luxembourg.svg
Luxembourg-ville, route d'Esch coin rue Baudouin 2019.jpg
D'N4 zu Hollerech am August 2019
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 2,
Nationalstrooss 7,
Nationalstrooss 50
Koordinaten 49°36'33,88"N, 6°7'34,39"O
Enn Esch-Uelzecht
Koordinaten 49°29'10,82"N, 5°58'5,45"O
duerch Lëtzebuerg, Leideleng, Monnerech, Esch-Uelzecht
Vitesslimitatioun 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 4
Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg AB-Kreuzung.svg N 2 N 7 N 50 Bréisseler Plaz
AB-Kreuzung.svg CR 204
      = Bd Prince Henri
AB-Kreuzung.svg CR 211
      = Bd Joseph II
AB-Kreuzung.svg N 5 Av. Guillaume

N 5A Bd G-D Charlotte

AB-Kreuzung.svg N 56A
      = Bd Dr Charles Marx
AB-Fluss.svg Péitruss
AB-Kreuzung.svg N 56
      = Rue de Hollerich
AB-Kreuzung.svg CR 178
      = Rue de Cessange
AB-Brücke.svg CFL-Streck 5, CFL-Streck 7
AB-Kreuzung.svg CR 231
      = Bd F.-W. Raiffeisen
AB-Fluss.svg Drosbech
AB-Brücke.svg A 6
AB-Kreuzung.svg N 4A
      = Boulevard de Kockelscheuer

CR 186
      = Route de Bettembourg

AB-Kreuzung.svg CR 179A
      = Rue Roudebësch
Leideleng AB-Brücke.svg A 4
AB-Kreuzung.svg CR 163
      = Rue de Bettembourg
AB-AS.svg A 4 Verdeeler Leideleng-Süd
RWB-RWBA Autobahn.svg
Esch-Uelzecht AB-AS.svg Jonctioun Esch-Lalleng
AB-Kreuzung.svg N 4C
      = Bd G-D Charlotte

CR 170
      = Bd Aloyse Meyer

AB-Fluss.svg Dipbech
AB-Fluss.svg Uelzecht
AB-Kreuzung.svg N 31
AS-rondo-icon.svg
AB-Brücke.svg
N 31 CR 168
CFL-Streck 6a
Flag of France.svg Däitsch-Oth EU-Icon.svg D16

Streck vun der N4Änneren

Lëtzebuerg - LeidelengÄnneren

Si huet hiren Ufank an der Stad op der Bréisseler Plaz wou se vun der N2, N7 an N50 fortgeet. Vun do féiert se iwwer d'Avenue Marie-Thérèse, dann no lénks iwwer d'Route d'Esch duerch Hollerech, Gaasperech an d'Cloche d'or (wou se mat enger Bréck iwwer d'A6 geet). Zanter de Rond-point Schaarfen Eck 2019 ofgerappt gouf, stéisst d'N4 op der Héicht vum nationale Foussballstadion op de Boulevard de Kockelscheuer an den CR186. Se dréint do no riets, leeft e Stéck virun iwwer de Boulevard de Kockelscheuer a weider iwwer d'Route d'Esch Richtung Leideleng. Se féiert iwwer eng Bréck iwwer d'A4, a weider duerch d'Industriezon Grasbësch duerch Leideleng bis s'um Ausgang vun der Uertschaft op der Autobunn A4 erauskënnt.

SteebréckenÄnneren

En zweet Stéck vun der N4 existéiert nach zu Steebrécken, wou se vum Agank bis zum Ausgank vun der Uertschaft féiert (Rue d'Europe), allerdéngs kann een dat Stéck nëmmen a Richtung Lëtzebuerg befueren.

Esch-UelzechtÄnneren

Dat drëtt Stéck geet vun der Ausfaart Esch-Uelzecht vun der A4 (Ausfaart Nr 5) iwwer d'Route de Luxembourg duerch Lalleng bis an den Zentrum vun Esch-Uelzecht laanscht d'Gare iwwer de Boulevard John F. Kennedy a weider iwwer de Boulevard Prince Henri bis op de Rond-point Um Däich wou och d'N31 an den CR168 erauskommen.

Vun do geet se weider iwwer d'Rue des Acacias an d'Rue d'Audun bis op d'franséisch Grenz, wou se an déi franséisch D16 iwwergeet.

Entwécklung vun der N4Änneren

D'Strooss Lëtzebuerg - Esch - franséisch Grenz besteet zanter 1843. Se gouf deemools als „Escher Strooss“ bezeechent an huet déi belsch Grande route de deuxième classe ersat, déi vu Lëtzebuerg op Esch gelaf ass;

Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau koum et zu enger Rei Ännerunge wat d'N4 ugeet:

1958[1]Änneren

  • Knapp 500 m. sinn op der Kräizung zu Lalleng vun der Nationalstrooss an e Chemin repris deklasséiert ginn.

1969 an 1976Änneren

Mat der Ouverture vun eenzelen Tronçonen vun der Autobunn A4 tëscht 1969 an 1976 sinn eenzel Deeler vun der N4 deklasséiert ginn:

1995[2]Änneren

  • Zu Esch hu verschidde Gemengestroossen de Statut vun der Nationalstrooss 4 kritt: en Deel vum Boulevard Prince Henri, en Deel vun der Avenue des Terres-rouges, d'Rue des Acacias an de Boulevard Berwart;
  • Och zu Esch goufen Deeler vun der Rue d'Audun a vun der Rue de Luxembourg an eng Gemengestrooss deklasséiert.

2021Änneren

Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau ass d'Rue d'Europe zu Steebrécken an eng Gemengestrooss deklasséiert ginn[3].

BillerÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Nationalstrooss 4 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-09.
  2. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-09.
  3. (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d’une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d’une grande voirie de communication et d’un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.