P+R Stade de Luxembourg

Parkhaus zu Gaasperech

De P+R Stade de Luxembourg[1] och alt P+R Cloche d'or (Park-and-ride Cloche d'Or)[2], ass e Parkhaus beim Stadion vu Lëtzebuerg, am Quartier Gaasperech vun der Stad. Nom Konzept vum Park-and-ride ass et geduecht fir d'Gefierer do stoen ze loossen a mam ëffentlechen Transport bis an den Zentrum vun der Stad ze fueren. Et kann awer och vun de Visiteure vum Stadion benotzt ginn.

P+R Cloche d'or
P+R Stade de Luxembourg
De provisoresche Parking am Dezember 2020
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stad Lëtzebuerg
Adress route d'Esch (N4)
Koordinaten 49° 34’ 36.7’’ N
      6° 06’ 40.0’’ E
Statut a Betrib
Datum vum Bau 2021
Proprietär Stad Lëtzebuerg, Lëtzebuerger Staat

D'Parkhaus ass de 5. Oktober 2023 offiziell ageweit ginn.

Entwécklung änneren

Ier d'Parkhaus op war, war e provisoresche Parking niewendrun amenagéiert ginn, deen den 21. Abrëll 2021 opgaangen ass. E louch nërdlech vun der N4 a ronn 400 Meter westlech vum Stadion. En hat deemools 600 Parkplazen an et konnt ee wärend engem Dag (24 Stonnen) gratis parken, duerno huet et 10 Euro den Dag kascht.

Schonn am Dezember 2020 haten déi zwou Stater Buslinne 5 an 22 hiren Terminus beim provisoresche Parking.

Am November 2020 gouf ugefaangen dat neit Parkhaus, zesumme mat enger Busgare, ze bauen. Wann den Tram am 1. Semester 2024 bis op d'Cloche d'Or fiert, kritt d'Parkhaus och en Uschloss un d'Tramslinn T1.

De P+R Stade de Luxembourg huet elo 1.993 Parkplazen déi op 6 Stäck verdeelt sinn. Dorënner sinn 43 Plaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit, 97 Plaze fir Fraen a 56 Plaze mat Chargy-Opluetstatioune fir Elektrogefierer reservéiert. Et gëtt och ronn 60 geséchert Vëlosplazen (mBox).

D'Parkhaus huet eng Afaart / Ausfaart op der N4 an do dernieft eng Ënnerféierung fir an de Parking wann ee vu Leideleng kënnt an eng aner fir a Richtung Gaasperech erauszefueren.

De Käschtepunkt vum Parkhaus läit bei 79,98 Milliounen Euro, dee jee zur Hallschent vum Lëtzebuerg Staat an der Stad Lëtzebuerg gedroe gëtt.

Um Spaweck änneren

Commons: P+R Stade de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. als Numm fir d'Bushalt beim Parking
  2. net ze verwiessele mam P+R Centre commercial Cloche d'or